WMO warnt
Globale Réchauffement wäert déi nächst Jore weider op Rekordniveau bleiwen

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/SCOTT OLSON
D'Vereenten Natioune warnen, dass de globale Réchauffement vun 2025-2029 warscheinlech méi wéi 1,5 Grad iwwert dem preindustriellen Niveau leie wäert.
D'Warscheinlechkeet heifir léich bei 70%, esou d'Welt-Meteorologie-Organisatioun vun den UN. Deemno géif de Réchauffement vun der Äerd no den zweetwäermste jeemools gemoossene Joren op engem historeschen Niveau bleiwen. D’Zuele kommen aus engem Klimarapport, deen de brittesche Wiederdéngscht Met Office all Joer aus de Prognose vun 10 Zentren zesummestellt an dee vun der Welt-Meteorologie-Organisatioun verëffentlecht gëtt.
Am meeschte gelies