Falls d'Land 51. Bundesstaat gëtt
USA bidde Kanada gratis Schutz duerch geplangte "Golden Dome" un

© AFP
Den US-President Trump probéiert, aus Kanada den 51. Bundesstaat vun den USA ze maachen an huet eng Offer fir den Noper.
Sollt Kanada do matmaachen, géif et gratis mat-geschützt gi vum geplangte Rakéitenofwiersystem Golden Dome. Soss géif de Schutz 61 Milliarden Dollar kaschten.
Schonn am Virfeld hat den Trump Kanada eng Participatioun ugebueden an déi Iddi géif wuel och gepréift, ma de kanadesche Premierminister hat schonn uganks Mee matgedeelt, Kanada wier net ze verkafen.
Am meeschte gelies