Betraff sinn US-Medien no d'Visae fir Studenten, Austauschschüler an Au-Pairen.

D’USA setzen d’Visae fir auslännesch Studente bis op Weideres aus. Dat, well d’Regierung méi intensiv iwwerpréiwe wéilt, wat potentiell Kandidaten op de soziale Medie posten. US-Medie mellen, dass do d'Visae fir Studenten, Austauschschüler an Au-Paire betraff sinn. Mataarbechter vun der US-Regierung haten och scho méi fréi gesot, dass hei pro-palästinensesch Positiounen am Viséier sinn, well déi Persounen eng Menace fir d’US-Aussepolitik wieren an d’Hamas an der Gazasträif ënnerstëtze géifen.

D'Studente vun der Uni Harvard hunn iwwerdeems zu Honnerte géint déi vum US-President Trump decidéiert Kierzung vun de finanzielle Mëttelen demonstréiert. D’Wäisst Haus huet iwwerdeems wësse gedoen, dass déi Sue besser un ëffentlech Schoule goe sollte, wou Elektriker a Blechschléier ausgebilt ginn.