D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wot de Virstouss zu Bréissel.

Wann ee wéilt, kéint een eist nächst Thema esou beschreiwen: "Hansen géint Hansen". D'Lëtzebuerger Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet uganks der Woch zu Bréissel nämlech e Virstouss géint en EU-Gesetz gewot, dat hire Cousin, den EU-Kommissär Christophe Hansen mat developpéiert hat: dat géint d'Deforestatioun, also d‘Ofholzen vu Bëscher. Et misst fir europäesch Bauere vereinfacht ginn, seet d'Martine Hansen a si ass zouversiichtlech, dass d'Kommissioun dat och esou gesäit.
 
De Bësch, eis gréng Long...eigentlech. Zejoert goufe 6,7 Milliounen Hektar tropesch Bëscher zerstéiert, pro Minutt 18 Futtballterrainen. D'EU wollt d'Deforestatioun reduzéieren. Produiten ewéi Kaffi, Palm-Ueleg, Kakao awer och Rëndsfleesch sollten an Zukunft just nach an der Unioun verkaaft kënne gi, wa fir hir Produktioun noweislech keng Beem gehae goufen. Och d'europäesch Betriber mussen dat dokumentéiere kënnen, wann d'Gesetz a Kraaft trëtt.

D'Martine Hansen (CSV), Landwirtschaftsministesch: "Et ass en administratiivt Monster, soen ech elo mol. An dat fir e Problem ze léisen, dee mir an eisem Land net hunn."
 
Eng 20 EU-Landwirtschaftsministeren hätten hire Virstouss am Conseil ënnerstëtzt, betount d'Martine Hansen. Och an hire Länner géif et wéi zu Lëtzebuerg scho staark Gesetzer géint d'Ofholze vu Bëscher. Si sollen am EU-Gesetz als Regiounen ouni Risiko agestuuft ginn a vum Pabeierkrom verschount bleiwen. D'Fuerderung stéisst direkt op Kritik. 
 
D'Joëlle Welfring (déi gréng), Deputéiert a fréier Ëmweltministesch:

"Net nëmme gëtt den Datum erëm zeréckgesat, mä d'Reegele fir Transparenz sollen an Europa och komplett annuléiert ginn. Mir wëssen awer, dass et europäesch Länner ginn, déi zu der Ofholzung bäidroen. Et ass e Problem, dee mir och an Europa mussen Eescht huelen. Heimat ginn den Ëmweltschutz an dee vun de Bëscher géint d‘Betriber ausgespillt. Dat ass schued. Et hätt een dat kéinten zesummebréngen a verbesseren."
 
D'Martine Hansen (CSV), Landwirtschaftsministesch:
"Mir wëllen dat jo just maachen an deene Länner, wou et keng Problemer gëtt. Zum Beispill hei zu Lëtzebuerg. An Éisträich hëlt de Bestand vu Bëscher souguer zou. Wann e Bauer vun do e Bifdeck verkeeft, wësse mer, dass d'Béischt op enger Wiss giess huet, op der kee Bësch stoung. Eis Fuerderung fir d'Vereinfachung bezitt sech just op Länner wou et kee Problem gëtt vun Deforestatioun."
 
D'Gesetz sollt Enn dës Jores a Kraaft trieden. Elo hofft, d'Martine Hansen, dass dee Mann, deen als EU-Deputéierte Rapporter vum Gesetz war, sech och fir e Changement staark mécht: de Kommissär fir Landwirtschaft, hire Cousin a Parteikolleeg Christophe Hansen: "Mir hunn eis natierlech ausgetosch. De Kommissär ass sech awer och bewosst, dass hie soss och vun administrativer Vereinfachung schwätzt."
 
An den EU-Kommissär fir Landwirtschaft Christophe Hansen weist sech op d'mannst flexibel bei europäesche Betriber:
"Si hu jo all eng Betribsnummer. Wa si an enger Zon sinn, wou et kee Risiko gëtt, kann dat adaptéiert ginn. Administrativen Opwand do, wou kee Risiko ass, dat ass schwéier ze verstoen." 
 
De Lëtzebuerger ka sech zu Bréissel awer héchstens bei der Kommissärin fir Ëmwelt staark maachen. D'Dänin Jessika Roswall ass responsabel fir den Dossier.