Elon Musk zitt sech aus US-Regierungsaktivitéiten zeréck

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/ALEX WONG
Et war scho méi laang domat gerechent ginn. Elo huet den Elon Musk offiziell annoncéiert, mat sengen Aktivitéite fir déi amerikanesch Regierung opzehalen.
Seng geplangten Zäit als "spezielle Regierungsmataarbechter" géing op en Enn goen, sou den ëmstriddenen Tech-Milliardär op senger Plattform X. Hie wéilt dem Donald Trump "Merci" soen, datt hien d'Geleeënheet kritt hätt "onnëtz Ausgaben" ze reduzéieren.
Dat ass en aneren Toun wéi ze lescht an der Press, wou sech de Musk enttäuscht vun der Trump-Politik sot. Zanter Januar hat hien eng massiv Käschtereduktioun beim Staat viru gedriwwen.
Ze lescht hat dem Elon Musk seng Firma Tesla ënner däitleche Baissë beim Benefice an dem Ëmsaz gelidden. Och mat X gouf et massiv Problemer an dee leschten Testfluch mat senger Riserakéit Starship war virun e puer Deeg och mëssgléckt.