E Mëttwoch am Nomëtteg koum et an der Äifel net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz zu engem geféierlechen Tëschefall.

D'Police  vun Euskrichen war géint 15 Auer vum sozialpsychiatreschen Déngscht op Mechernich - eng 60 Kilometer vu Lëtzebuerg fort -geruff ginn. D'Beamte sollten dobäi hëllefen, een 50 Joer ale Mann, deen an engem Foyer ënnerkomm war, an d'Spidol anzeweisen.

Éischten Informatiounen no soll de Mann dobäi awer aggressiv gi sinn, an ee Beamte mat engem Messer ugegraff hunn. An deem Kader gouf du vu Säite vun der Police op de Mann geschoss, heescht et am Policebulletin vun der Polizei Bonn.

De 50 Joer ale Mann gouf schwéier blesséiert a gouf no enger Noutversuergung op der Plaz an e Spidol ageliwwert.

D'Police vu Bonn wäert d'Ermëttlungen aus Neutralitéitsgrënn iwwerhuelen, heescht et weider am Policebulletin.