Schonn e Mëttwoch goufen eng 17.000 Leit aus der Provënz Manitoba evakuéiert, zu Saskatchewan waren et der am Laf vun der Woch eng 4.000.

A béide Provënze war dunn och e Mëttwoch, respektiv en Donneschdeg den Noutstand deklaréiert ginn. "Mir hunn et zu Saskatchewan mat enger immens schwiereger Situatioun ze dinn", sou de Regierungschef vun der Provënz Scott Moe en Donneschdeg virun der Press. "Mir ergräifen all méiglech Moossnamen, fir eis Gemengen ze preparéieren."

Well fir Saskatchewan den Ament kee Ree virgesinn ass, gëtt mat enger Verschlechterung vun der Situatioun gerechent. D'Evakuéierung vu ronn 17.000 Leit zu Manitoba ass dem Premier vun der Provënz Wab Kinew no déi Gréisst, déi et jeemools an dëser gouf. An den Norde vu Manitoba hat d'Arméi iwwerdeems zwee Fligeren a méi entleeë Gebitter geschéckt, wou virop Indigeener wunnen.

Den Ufank vun dëser Bëschbrand-Saison wier dem Wab Kinew no dee schlëmmsten zanter Joren. Fir déi éischte Kéier géif et net nëmmen an enger, mä an all Regioun brennen. "Dat ass en Zeeche fir de Klimawandel, un dee mir eis mussen upassen" sou de Kinew weider. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, sinn zu Manitoba an deene leschte Woche bal 200.000 Hektar Bësch duerch d'Feier zerstéiert ginn. Dat ass méi wéi dräimol sou vill, wéi et an der Moyenne an deene leschte fënnef Joer de Fall war. Den Ament sinn a ganz Kanada 163 Bränn gemellt, vun deene ronn d'Hallschent als ausser Kontroll gëllt.