Internem Dokument no
UNO kéint bis zu 20% vun hire Plazen ofbauen

© AFP/Archiv/Daniel SLIM
D'UNO kéint dausende Plaze kierzen, mellt d’Noriichtenagence AFP, déi Abléck an en internt Dokument hätt.
Bis zu 20 Prozent vun de Plaze kéinte betraff sinn. De Generalsekretär Guterres huet deemno fir de Budget 2026 Spuermesuren annoncéiert, well Memberlänner hir Cotisatiounen net bezuelen. D’USA zum Beispill waren am Januar 1,5 Milliarden Dollar schëlleg.
De Budget vun der UNO läit bei 3,7 Milliarden Dollar, 35.000 Leit hunn 2023 beim UN-Sekretariat geschafft. Ma net nëmme beim Sekretariat, mee och beim UN-Flüchtlingshëllefswierk oder dem Palästinenser-Hëllefswierk kéime Spuermesuren.
Am meeschte gelies