De Verkaf vum Tubak a Frankräich geet staark erof

© Fotografierende / Unsplash
De Konsum vum Tubak a Frankräich geet zeréck an ass mëttlerweil op engem historeschen Déifstand.
Zanter 2023 fëmmt manner ewéi ee vu véier Erwuessener am Hexagon. Deementspriechend gëtt bei eisen Noperen och ëmmer manner Tubak verkaf. Wärend d'Tubakverkeefer 2017 nach 54.000 Tonnen Tubak verkaf hunn, waren et der zejoert nëmmen nach eppes iwwer 32.000. Op den 1. Januar 2025 sinn d'Präisser op den Tubaksproduiten a Frankräich ëm 25 Prozent geklommen.
Besonnesch an der Grenzregioun sinn d'Venten zanter 2017 staark gefall: Am Departement Moselle ass et e Minus vun 59,2 Prozent, am Departement Meurthe-et-Moselle ass et eng Baisse vu 50,2 Prozent. Och eng Quot op den Import vun Tubaksproduiten aus dem Ausland konnt d'Baisse vun de Verkeef net bremsen. D'Konsumenten decke sech hei virop am Ausland, notamment zu Lëtzebuerg, a wou den Tubak däitlech méi bëlleg ass.
De kompletten Detail fannt Dir bei de Kolleege vun RTL infos.