Frankräich wäert ee Fëmmverbuet fir all ëffentlech Plaze baussen aféieren, an deene sech Kanner ophale kënnen.

Dorënner fale Plagen, Parken a Busarrêten. Dat huet d'Familljen- a Gesondheetsministesch Catherine Vautrin en Donneschdeg an engem Interview mat Ouest-France bekannt ginn. Frankräich huet seng Restriktiounen op den Tubakskonsum déi lescht Joren ëmmer weider verschäerft.

De Verbuet trëtt den 1. Juli a Kraaft a wäert all Plaze betreffen, wou Kanner sech ophale kéinten, wéi zum Beispill "op Plagen, a Parken, a botanesche Gäert, viru Schoulen, op Busarrêten a Sportplazen", esou d'Ministesch Catherine Vautrin. "Tubak muss verschwannen, wou Kanner sech ophalen", esou d'Ministesch an engem Interview, deen um Internetsite vu Ouest-France publizéiert gouf.

D'Fräiheet ze fëmme géif do ophalen, wou "d'Recht vu Kanner, frësch Loft ze ootmen, ufänkt", esou d'Politikerin. D'Fëmmverbuet wäert och fir Schoule gëllen, esou datt Schüler net méi virun der Dier fëmme kënnen. Wie géint d'Verbuet verstéisst, riskéiert eng Strof vun 135 Euro.

D'Verbuet wäert awer net op den Terrasse vu Caféë gëllen, an och net fir E-Zigaretten. Zil wier et awer, den Nikotin-Gehalt an den E-Zigaretten an och déi verschidde Goûten ze reduzéieren. Am Moment ginn et scho Verbueter fir ëffentlech Plazen, wéi zum Beispill op der Aarbecht, a Fluchhafen, a Garen an op Spillplazen.

A Frankräich gëtt et verhältnesméisseg vill Fëmmerten. 35 Prozent vun der Populatioun fëmmen, am Verglach zum europäeschen Duerchschnëtt vu 25 Prozent an dem weltwäite Schnëtt vun 21 Prozent, esou d'Weltgesondheetsorganisatioun. Eng 75.000 Leit stierwen all Joer am Hexagon duerch Komplikatiounen a Verbindung mam Fëmmen. Enger rezenter Ëmfro no si sechs vun zéng Fransousen (62 Prozent) fir ee Fëmmverbuet am ëffentleche Raum.

Den Nationalen Anti-Tubak-Programm viséiert eng Tubak-fräi Generatioun vun 2032 un. E Samschdeg ass iwweregens de Welt-Anti-Tubak-Dag.