Israel plangt 22 illegal Siidlungen am Westjordanland

© AFP
Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet e Freideg annoncéiert, dass am Westjordanland en israeelesche Staat soll erriicht ginn.
Zanter 1967 ass Westjordanland vun Israel besat. Offiziell gehéiert d’Westjordanland zu kengem souveräne Staat. Et gëtt awer vun de meeschte Länner als palestinensescht Gebitt ugesinn.
Wéi et an diversen internationale Medien heescht, wëll Israel elo awer seng Autoritéit ausbauen, andeems si plangen do nei Wunngebidder ze bauen. Dës Noriicht war och en Appell un de franséische President Emmanuel Macron a seng aner Partner vun der UNO. Hiert Zil war et eng Zwee-Staate-Léisung, mëttels sëllegen internationale Konferenzen, ze fannen. Dobäi huet Frankräich dacks domat gedreet, méi streng Sanktioune géint Israel ze verhänken, wa si d’humanitär Situatioun an der Gazasträif net géife verbesseren.
,,Si wäerten e palestinensesche Staat um Pabeier unerkennen – mee mir wäerten de jiddeschen israeeleschen hei op dësem Buedem opbauen’’, esou de Minister Katz iwwer Frankräich an hir Partner. Dës Decisioun soll ënner anerem och d’terroristesch Organisatioune benodeelegen.