An der Nuecht sinn a Russland zwou Brécken an de Koup gefall, wat jeeweils en Zuch zum Entgleise bruecht huet.

Eemol net wäit ewech vun der ukrainescher Grenz a Westrussland an der Regioun Brijansk, 7 Leit sinn dobäi em d’Liewe komm.

Déi russesch Enquêteure schwätzen vun ukraineschen Terrorattacken. Bei béide Brécken hätt et eng Explosioun ginn. De russesche President Putin wier informéiert ginn. D’Ukrain huet nach net reagéiert.

An och an der Regioun Kursk ass eng Zuchbréck zesummegefall. En Deel vun engem Gidderzuch ass dunn op d’Strooss ënnert de Schinne gefall, dat mellt de Gouverneur vu Kursk.

RTL