Polen decidéiere bei der Presidentewal tëscht Pro-Europäer a Rietsnationalist

De Rafal Trzaskowski gëtt seng Stëmm of. / © AFP/Wojtek RADWANSKI
De Sondagen no gëtt et eng enk Course tëscht dem liberale Buergermeeschter vu Warschau Rafal Traskowski, an dem riets-nationale Karol Nawrocki.
D'Walen dierft och decisiv si fir d’Roll vu Polen an der EU. Wann den Traskowski gewënnt, dierft hien déi nächst Joren Hand an Hand mam Ministerpresident Donald Tusk schaffen, deen zanter Dezember 2023 op sengem Posten ass. Wann den Nawrocki gewënnt, dierft hie wichteg Projete vun der Regierung blockéieren.

De Karol Nawrocki. / © AFP/MATEUSZ SLODKOWSKI
A Polen steet de President un der Spëtzt vun der Arméi. Hie bestëmmt d’Aussepolitik, ka Gesetzer abréngen a säi Veto géint Gesetzer aleeën.
De konservativen Nach-President Duda stoung 10 Joer un der Spëtzt vum Land an huet net fir een drëtt Mandat dierfe kandidéieren.
D’Walbüroe maachen ëm 21 Auer e Sonndeg den Owend zou. déi offiziell Resultater sollen e Méindeg virleien.