A Polen war e Sonndeg de Ballotage vun de Presidentschaftswalen.

Hei stounge sech de libelare Rafal Trazkowski an den Nationalist Karol Nawrocki géigeniwwer. D'Course tëscht béide Kandidate war enorm enk an deementspriechend stoung d'Decisioun eréischt e Méindegmoie fest. Nodeems alleguer d'Stëmmen ausgezielt waren, huet déi polnesch Walkommissioun den Nawrocki géint 6h45 offiziell zum Gewënner vun de Walen deklaréiert. Hie kënnt op 50,89 Prozent vun de Stëmmen. Säi Konkurrent, den Trzaskowski kënnt deementspriechend op 49,11 Prozent.

Den Nawrocki ass net Member vun enger Partei, ass awer als Kandidat vun der gréisster polnescher Oppositiounspartei, der "PiS", bei de Presidentiellen ugetrueden. Dës war tëscht 2015 an 2023 a Polen un der Muecht an huet ënner anerem d'Onofhängegkeet vun der Justiz ausgehielegt.

Zanter 2023 ass de liberale Politiker Donald Tusk polnesche Premierminister. Dësem seng Pläng fir politesch Reforme goufen allerdéngs ëmmer nees vum President Andrzej Duda, dee viru senger Wal Member vun der "PiS" war, ausgebremst.

Den Historiker Nawrocki gëllt och als Géigner vum Donald Tusk senger Politik. Onmëttelbar no der Annonce vun den éischte Prognosen hat hien annoncéiert, dass hien net géing zouloossen, dass den Tusk seng Muecht weider festegt. Dem Nawrocki seng Wal zum President kéint besonnesch fir d'Ukrain Konsequenzen hunn. Wärend den Tusk an den Duda trotz hiren innepoliteschen Differenzen allebéid fir eng polnesch Ënnerstëtzung vun der Ukrain waren, ass den Nawrocki hei éischter skeptesch. Hien ass ënner anerem géint en ukraineschen NATO-Bäitrëtt.