E Sonndeg goufe bei enger Attack op eng pro-israeelesch Demonstratioun zu Boulder am US-Bundesstat Colorado aacht Persoune blesséiert.

D'Demonstranten hate sech e Sonndegnomëtteg zu Boulder versammelt, fir fir eng Fräiloossung vun den israeelesche Geisele vun der Hamas ze demonstréieren. Dobäi wiere si vun engem Mann attackéiert ginn. Dësen hätt bei der Attack e selwer-gebaute Flammenwerfer benotzt. Ausserdeem hätt hien eng Zort Molotowcocktail op d'Demonstrante geworf an dobäi "Free Palestine" geruff.

Den FBI ermëttelt no der Attack wéinst dem Verdacht op Terrorismus. Et hätt sech dobäi ëm e geziilte Gewaltakt gehandelt, sou e Spriecher vum FBI e Sonndegowend op enger Pressekonferenz.

Beim Verdächtegen handelt et sech ëm e 45 Joer ale Mann. Dëse gouf no der Attack festgeholl. Dem Vize-Cheff vum Staf vum Wäissen Haus Steve Miller no hätt de Mann sech ouni Openthaltsgeneemegung an den USA opgehalen. Hie wier ënnert der Biden-Regierung mat engem Touristevisa an d'USA agereest, an hätt d'Land duerno net méi verlooss. De Miller huet net gesot, aus wéi engem Land de Mann kënnt.

Bei de Persounen, déi bei bei der Attack blesséiert goufen, soll et sech der Police vu Boulder no ëm véier Fraen a véier Männer handelen. Si wieren tëscht 52 an 88 Joer al.