"Frankräich ka Palästinenserstaat un der Côte d'Azur kreéieren"

© Photo by GIL COHEN-MAGEN / AFP
De fréiere republikanesche Gouverneur vun Arkansas an aktuellen US-Ambassadeur an Israel reagéiert op d'Aussoe vum franséische President Emmanuel Macron.
Den US-Ambassadeur an Israel Mike Huckabee huet der franséischer Regierung, no hire rezenten Aussoen iwwer d'Schafe vun engem Palästinenserstaat, virgeschloen, dofir "e Stéck vun der Côte d'Azur ofzeginn". An engem Interview mat Fox-News sot den Huckabee: "Wa Frankräich wierklech esou decidéiert ass, e palästinensesche Staat ze gesinn, hunn ech eng Propos: Trennt e Stéck vun der Côte d'Azur of a grënnt e palästinensesche Staat".
D'Fransouse kéinten dës gäre maachen, sot hie weider. Hie wier awer kee Ënnerstëtzer dovunner, "dës Aart vun Drock op eng souverän Natioun auszeüben", esou de Republikaner an engem Interview mat Fox News, deen e Samschdeg ausgestraalt gouf, mam Bléck op d'Haltung vu Frankräich géintiwwer vun Israel.
De 7. Oktober hätt "vill verännert", esou den US-Ambassadeur mam Bléck op den Iwwerfall vun der radikalislamistescher Hamas op Israel, deen de Krich an der Gazasträif ausgeléist huet. Zanter der grousser Attack vun der Hamas geet déi israeelesch Arméi an där Regioun, an där d'Palästinenser liewen, massiv géint déi islamistesch Organisatioun vir.
Déi franséisch Initiativ bei de Vereenten Natiounen huet den Huckabee an dësem Zesummenhang als "komplett deplacéiert" bezeechent, wann ee bedenkt, datt "Israel matten am Krich ass".
Frankräich a Saudi-Arabien plange fir den nächste Mount eng international Konferenz bei der UNO zu New York, wou et ëm eng Zweestaateléisung geet. Dës gesäit vir, datt en eegestännege palästinensesche Staat geschaaft gëtt, dee friddlech mat Israel koexistéiert.
Ouni kloer ze soen, ob Frankräich e Palästinenserstaat offiziell unerkenne géif, sot de Macron e Freideg, datt "d'Schafe vun engem palästinensesche Staat" ënner gewësse Konditiounen "net just eng moralesch Flicht, mä eng politesch Noutwennegkeet", wier. Hie fuerdert eng méi haart Haltung vun den Europäer souwéi westlech Sanktioune géint Israel, sollt sech d'Situatioun an der Gazasträif net zäitno verbesseren.
D'Regierung an Israel huet dem Macron doropshi virgeworf, ee "Kräizzuch géint den israeelesche Staat" ze féieren an huet annoncéiert, dat Israel "e jiddesch-israeelesche Staat" am Westjordanland opriichte wäert. Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet d'Annonce e Freideg als "eng entschloss Äntwert op déi terroristesch Organisatiounen, déi probéieren, eis Kontroll iwwert dëst Land ze schueden a se ze schwächen" bezeechent.
Ausserdeem ass et e "klore Message" un de "Macron a seng Partner": "Si wäerten e Palästinenserstaat um Pabeier unerkennen - awer mir riichten e jiddesch-israeelesche Staat op dësem Buedem op", esou de Katz.
De konservativen Hardliner Huckabee ass zanter Joren dofir bekannt, datt hien e Supporter vun der jiddescher Siidlerbeweegung am Westjordanland ass. Dës Siidlunge gi vun de Vereenten Natioune reegelméisseg verurteelt, well si géint d'Vëlkerrecht verstoussen.