Franséisch Clientë verkloen Tesla

© AFP Archivbild
E Grupp franséisch Tesla-Clienten huet d'Firma vum US-Milliardär wéinst dem hirer Usiicht no rietsextreemen Image vum Elon Musk an domat der Mark verklot.
"Duerch d'Verhale vum Musk (...) sinn d'Gefierer vun der Mark Tesla zu staarke politesche Symboler ginn an erschéngen engem wéi en Aushängeschëld vun den extreeme Rechter", hunn d'Affekote Patrick Klugman an Ivan Terel e Mëttwoch zu Paräis erkläert. Besonnesch d'Clienten, déi en Tesla geleast hätten, géifen dorënner leiden.
D'Clientë wollten en "innovatiivt an ekologescht Gefier besëtzen", duerch déi "politesch Stellungname vum Musk géife si doru gehënnert ginn, Freed un hiren Autoen ze hunn, wéi et heescht. Dohier géife si Tesla virum Paräisser Handelsgeriicht verkloen a fuerderen, dass hir Leasing-Kontrakter annuléiert ginn.
"D'Positioune vum Musk hunn d'Benotze vun den Autoe beanträchtegt", sou de Klugmann. "Mir denken, dass de Musk dem Keefer den ongestéierte Besëtz vum Auto schëlleg ass."
Tesla huet bis ewell nach keng Stellung dozou geholl.
D'Ventë vum US-Elektroautoproduzent sinn an de leschte Méint an Europa réckleefeg. Sëllegen aner Konkurrente wéi Volkswon, BMW, Renault an d'chineesesch Mark BYD hunn Tesla iwwerholl.
Den Tesla-Chef Elon Musk hat Enn Mee annoncéiert, an Zukunft manner als Beroder fir d'US-Regierung vum President Donald Trump aktiv ze sinn, fir sech nees ëm seng Firma ze këmmeren. Säi politescht Engagement gouf schaarf kritiséiert.