De Casa ass haaptsächlech als Miwwel- an  Dekoratiounsbuttek bekannt an huet och hei zu Lëtzebuerg aacht Butteker.

E Mëttwoch gouf bekannt, datt Casa a Frankräich offiziell faillite ass. Dës Decisioun huet d'Handelsgeriicht Bobigny geholl. Well kee Repreneur fonnt ginn ass, ass d'Fermeture vun den 143 Butteker a Frankräich geplangt. Ronn 700 Salariéë si concernéiert.

Am Mäerz dëst Joer hat och schonn de Grupp Casa an der Belsch matgedeelt, faillite ze sinn. Hei goufen 63 Geschäfter zougemaach a 544 Aarbechtsplaze sinn ewechgefall.

D'Chaîne Casa, déi 1975 gegrënnt gouf, ass an aacht europäesche Länner aktiv a bedreift 500 Geschäfter. De Grupp Casa beschäftegt méi wéi 2.230 Mataarbechter a Mataarbechterinnen.

Hei am Land ginn et aacht Butteker vu Casa.