Méi wéi 240 Doudeger bei Fligercrash an Indien

© CENTRAL INDUSTRIAL SECURITY FORCE (CISF) / AFP
E Boeing 787-8 Dreamliner vun Air India ass direkt nom Depart erofgefall. Nieft den doudege Passagéier géif et och vill Affer um Buedem ginn.
Um Wee op London-Gatwick ass zu Ahmedabad am Nordweste vun Indien e Boeing 787-8 Dreamliner vun der Air India kuerz nom Depart erofgefall. 242 Persounen (230 Passagéier, 2 Piloten, 10 Crew) waren u Bord. 169 Leit mat indeschem Pass, 53 brittesch Staatsbierger, 7 Portugisen an e Kanadier stoungen op der Passagéierlëscht. Méi wéi 200 Läiche wiere scho gebuerge ginn. De Passagéier vum Sëtz 11A huet als eenzegen d'Ongléck iwwerlieft. Hie souz direkt beim Noutausgank.
De brittesche Premier Keir Starmer huet sech bestierzt gewise beim Ubléck vun de Biller, an huet de Famillen a Frënn vun den Affer seng moralesch Ënnerstëtzung zougeséchert. Och seng indesch a portugisesch Homologen si schockéiert, grad esou wéi de Kinnek Charles. Souguer d'Nopeschland Pakistan huet sech betraff gewisen, nodeems béid Länner sech viru ronn engem Mound nach gréisser Ausenanersetzunge geliwwert haten. De Fliger mat der Nummer AI 171 war um 13.39 Auer Lokalzäit (8.09 Auer eiser Zäit) gestart an direkt nom Depart nach an den Alentoure vum Flughafen an engem ziville Gebitt erofgefall. D'Piloten hätten nach en Noutruff ofsetze kënnen. Wéinst dem laange Vol waren d'Tanke warscheinlech voll mat Kerosin.

© Mehmet Yaren Bozgun / ANADOLU / Anadolu via AFP
Video vun der Onglécksplaz:
Well d'Gebitt ronderëm de Flughafe vun der Milliounestad Ahmedabad dicht bewunnt ass, ginn ënnert der Populatioun sëllege weider Affer vermutt. De Fliger ass op eng Schoul fir medezinescht Personal gefall, dobäi si bis ewell op d'mannst 41 Persounen als blesséiert gemellt ginn. Aus Angscht virun de Flame wiere vill Bewunner aus de Fënstere vum zweeten oder drëtte Stack gesprongen. No enger Spär ass de Betrib um lokale Flughafe nees ugelaf. Zu London-Gatwick gouf en Zenter ageriicht, an deem sech Familljemembere vun de Passagéier melle kënnen. Iwwerdeems huet Boeing matgedeelt, si géife mat de lokalen Autoritéiten zesummeschaffen, fir souvill wéi méiglech Informatiounen zesummenzekréien, fir d'Grënn vum Crash z'ermëttelen. Et ass den éischten Accident mat enger 787-8.

© @ashlovetea / various sources / AFP