E 14 Joer ale Schüler soll no enger déidlecher Messerattack op eng Surveillante viru sengem Lycée wéinst Mord ugeklot ginn, sou de lokale Procureur.

De Parquet vun Dijon huet en Donneschdeg ugefrot, dass de 14 Joer ale Jong, deen en Dënschdeg eng Surveillante virum Lycée Françoise Dolto zu Nogent am Departement Haute-Marne erstach huet, wéinst "Mord vun enger Persoun am ëffentlechen Déngscht" ugeklot gëtt.

Wéi de lokale Procureur Olivier Caracotch iwwer Communiqué annoncéiert huet, soll de Jong weider wéinst "violences volontaires" ugesicht ginn, well hien ee Gendaarm wärend der Interventioun a spéiderer Festnam absichtlech verletzt huet.

Well et sech beim Ugekloten ëm e Mannerjäregen handelt, kann hie bis zu 20 Joer an de Prisong kommen, awer net liewenslänglech.

Geschitt ass dat Ganzt wéi d'Gendarmerie virum Lycée d'Rucksäck vun de Schüler kontrolléiere wollt, eng Mesure, déi d'Lycéeën zanter Enn Mäerz autoriséiert sinn, ze maachen. Eng 31 Joer al Surveillante, déi bei der Kontroll gehollef huet, gouf dobäi vum Schüler mat engem Messer ugegraff a ganz uerg verwonnt.

D'Fra ass spéider un hire Verletzunge gestuerwen. Iwwer 300 Schüler waren no der Attack evakuéiert ginn.

Den Ugekloten hat no zwee Deeg an Untersuchungshaft en Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Dem Procureur Denis Devallois no hätt den Ugekloten uginn, "egal wéi eng" Surveillante ëmbréngen ze wëllen. Den Devallois huet de Jong weider als "faszinéiert vu Gewalt" beschriwwen.

Zwee Deeg no der Attack huet d'Schoul hir Dieren en Donneschdeg Moien nees opgemaach.

Déi franséisch Educatiounsministesch Elisabeth Borne hat iwwerdeems ugefrot, datt am ganze Land en Donneschdeg um 12 Auer eng "minute de silence" sollt ofgehale ginn, dat als Gedenken un d'Affer.