122 Millioune Mënsche sinn aktuell weltwäit op der Flucht

© Pressmaster (Envato)
Ëm déi selwecht Zäit waren et 2024 nach 120 Millioune Mënschen. Déi meescht komme vu grousse Konflikter wéi am Sudan, dem Myanmar oder der Ukrain.
Dat geet aus engem neie Rapport vum UNO-Flüchtlingshëllefswierk ervir, dee sech op Zuele vun Enn Abrëll baséiert. Op déi lescht 10 Joer gekuckt huet sech déi Zuel quasi verduebelt.
D’lescht Joer waren ëm déi selwecht Zäit ronn 120 Millioune Leit op der Flucht, also zwou Millioune manner wéi dëst Joer. Datt d’Zuel dëst Joer net vill méi héich ass, läit dem UNO-Flüchtlingshëllefswierk no virun allem dorunner, datt bal zwou Millioune Syrer an hiert Land zeréck gaange sinn, zanter den Assad-Regimm Enn d’lescht Joer gestierzt ginn ass.
Dat géing engem e bëssen Hoffnung maachen, esou den UN-Kommissär Filippo Grandi en Donneschdeg bei der Presentatioun vum neie Rapport zu Genf. Hie rechent domat, datt am Laf vun dësem Joer nach eng weider Millioun Syrer an hiert Land zeréck ginn. Allgemeng wier een awer weider mat engem ganz instabillem internationale Kontext konfrontéiert mat Kricher, Gewalt a Verstéiss géint d’Mënscherechter.
Als Haaptgrond, datt Mënschen hiert Doheem oder hiert Land musse verloossen, nennt d’Flüchtlingshëllefswierk vun de Vereenten Natioune grouss Konflikter ewéi am Sudan, Myanmar oder an der Ukrain. Ronn 73 Millioune Mënschen hu sech zejoert am eegene Land deplacéiert. Ënnert deenen, déi hiert Land verlooss hunn, si 67 Prozent iwwerdeems an een Nopeschland geflücht. Länner mat schwaachem oder mëttlerem Akommes huele 70 Prozent vun de Flüchtlinge weltwäit op.