Kiew fuerdert eng staark Diplomatie vum Drock géigeniwwer Russland
Well Russland net u Fridden intresséiert wier, mécht Kiew den Appell u seng Alliéiert, d’Zäit vun der Diplomatie vum Drock wier komm.
Am RTL-Interview reagéiert d’ukrainesch Ambassadrice fir d’Belsch a Lëtzebuerg Nataliia Anoshyna.
"Wierder hëllefen elo net méi. Genee elo ass déi entscheedend Zäit, fir kloer a staark Aktiounen, virun allem wirtschaftlech Moossnamen: Sanktiounen, staark Sanktioune géint de Bankesystem, de Finanzsystem, illegal Tanker, d'Metallurgie."
De Regime vu Moskau, an déi déi en ënnerstëtzen, missten haart getraff ginn. Am Häerz. An dat ass d'Wirtschaft. Russland misst International isoléiert ginn. Vun der Politik, bis zum Sport.
"Ech wëll net drun denken, datt mir d’nächst Joer nach ëmmer Krich hunn. Loosst eis iwwer dëst Joer schwätzen a loosst ons dru gleewen, datt d'ganz Welt all Méigleches mécht, fir der Ukrain ze hëllefen."
Déi aktuell russesch Eskalatioun wier net d’Reaktioun op d’ukrainesch Operatioun "Spannennetz".
Mat bis zu 500 russeschen Dronen d'Nuecht, ginn den Ament ukrainesch Stied attackéiert. Eng Eskalatioun, déi näischt mat der ukrainescher Operatioun ''Spannennetz'' ze dinn hätt. Wou d'Ukrain russesch Kampffliger erop bis a Sibirien zerstéiert huet.
"Russland hat scho massiv Attacke géint d’Ukrain gestart, schonn déi Nuecht virdrun. An där Nuecht hate mir ronn 400 Dronenattacken an der Haaptstad an an anere Stied."
An d'Nataliia Anoshyna weider:
"Eis Ziler? Dat si militäresch Ziler. Bei de Russen ass dat net esou. Hir Ziler? Dat si meeschtens Zivilisten. Viru kuerzem hate mir vill Attacken op Wunngebidder op Stroossen, op Busarrêten, souguer op Maternitéen."
Der Ukrain hir Strategie wier kloer: Russesch Militärinfrastrukturen, Fabricken, bis déif an den Territoire eran ze zerstéieren. D'Russe wieren net u Fridden intresséiert.
"Si wëllen eis als Natioun zerstéieren. Et geet net ëm Territoiren. Natierlech ass d’Territorial Integritéit ons éischt Prioritéit. Awer wann et just ëm Land géif goen: Russland huet genuch Land. Dëst ass kee Krich wou et nëmmen ëm Territoire geet. Et ass e Krich géint d’ukrainesch Identitéit. Si akzeptéieren eis net als onofhängege Staat. Si akzeptéieren eis net als ukrainescht Vollek. Si akzeptéieren net eis Sprooch, eis Kultur."
Geheimdéngschter warnen
Geheimdéngschter ginn dervun aus dat d'Russen d'nächst Joer hier Attacken nach weider verstäerke wäerten. Fir sech ze verdeedegen, géif d'ukrainesch Arméi virop Loftofwiersystemer brauchen. "Prioritéit Nummer eent: Loftverdeedegungssystemer. Natierlech brauche mir och Munitioun. Russland huet vill Munitioun, well se mat Nordkorea an dem Iran zesummeschaffen. Si hunn nei Technologien, nei Fabricken, déi 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 Waffen, Dronen a Rakéite produzéieren. Just fir ee Grond: fir Ukrainer ëmzebréngen."
D'Relatioune mat der Trump-Administratioun
D'USA wieren de strategesche Partner vu Kiew. Et wier wichteg, weider e konstruktiven Dialog op frëndschaftlecher Basis mat den USA héichzehalen. Dat wier zum Beispill am Kader vum Tête-à-tête tëscht de Presidenten Trump a Selenskyj, am Vatikan gelongen.
"Dat wichtegst fir eis, datt d’Amerikaner d’Wourecht kennt. D'Wourecht, iwwer dat wat wierklech geschitt. Net d’Propaganda, net d’Ligen, déi mir ëmmer erëm vu russescher Säit héieren. An Ultimatumen. Vum Beispill zu Istanbul, Zweemol wärend de Verhandlungen, ëmmer nëmmen Ultimatumen."
Ma huet de President Trump dee Message verstanen?
"De President, säin Team, den Ausseminister, d’Regierung: mir maachen alles, fir den Dialog frëndlech a konstruktiv ze halen. De Russen hiert d’Zil ass kloer: dës Relatioun ze zerstéieren. Dat ass de Russen hiert Zil, net eist."
De Krich nach dëst Joer op en Enn bréngen
Awer net zu egal wat fir engem Präis. D'Ukrain hätt Waffepause virgeschloen. Zu Jeddah, zu Istanbul. De Message vu Kiew u seng Alliéiert: Mir brauchen är massiv Ënnerstëtzung. Militäresch an iwwer Sanktiounen, fir datt Putin a Co. net just gestoppt ginn, ma och um Enn Rechenschaft ofleeën.
"Mir schwätzen iwwer e gerechte Fridden. Dat heescht: et geet net duer, just d'Truppen zréckzezéien. Een, deen dëse Krich verantwort, gehéiert viru Geriicht, op Den Haag."