Israel gräift den Iran un - Géigenattack ofgewiert

© AFP
Cibléiert war ënnert anerem den iraneschen Atomprogramm. Wichteg Militärvertrieder sinn ëmkomm. Iran kënnegt "haart" Bestrofung un.
Israel huet an der Nuecht op e Freideg den Iran ugegraff. D’Loftattacken hu strateegesch Militärziler viséiert. Déi israeelesch Regierung schwätzt vun engem präventive Coup, och op atomar Ariichtungen. E Site, wou Uran ugeräichert gëtt, soll direkt vun e puer Bomme getraff an zu engem gudden Deel zerstéiert gi sinn. Den Iran hätt mëttlerweil genuch Material gehat, fir op d’mannst 15 Atombomme kënnen ze bauen. Radioaktivitéit soll beim Ugrëff op de Site vun der Atomanlag zu Natanz iwwregens net ausgetruede sinn, heescht et vun der Plaz, an och vun der internationaler Agence fir Atomenergie:
Zu Teheran gouf och de Siège vun de Revolutiounsgardë getraff. De Chef vun dësen, de Generol Hossein Salami, ass dobäi ëmkomm, grad esou wéi eng Rei aner wichteg Leit vun deem Service.

© AFP PHOTO / SATELLITE IMAGE ©2021 MAXAR TECHNOLOGIES
Den israeelesche Premierminister Benjamin Netanyahu huet via Videomessage dës Erklärung fir d'Attack ginn:
"Déi jüddesch Bevëlkerung waren Affer vun engem Holocaust, dee vum Nazi-Regimm ëmgesat gouf. Haut refuséiert de jüddeschen Staat, fir Affer ze gi vun engem nuklearen Holocaust, ëmgesat vun engem iranesche Regimm. Als Premierminister hunn ech et ëmmer erëm kloer gemaach, dass Israel et ni wäert erlaben, dass déi, déi duerno ruffen, eis komplett auszeläschen, dass si d'Moyene kréien, fir hiert Zil z'erreechen."
Israel gesinn dësen Atomprogramm als eng existenziell Menace. Dofir wier dës Attack een entscheedende Moment fir d'Geschicht vun Israel. D'Operatioun soll nach e puer Deeg laang daueren. Et géing een net déi iranesch Bevëlkerung bekämpfen, mee déi iranesch Diktatur, sot den Netanyahu. Allerdéngs hunn déi israeelesch Rakéiten och Wunngebidder zu Teheran an an anere Stied getraff. De Fluchbetrib um internationale Fluchhafe gouf ënnerbrach. Nieft de Loftattacken huet och den israeelesche Geheimdéngscht Mossad eng Rei vun verdeckte Sabotageakten am Iran duerchgefouert.
Trump wosst vun Ugrëffer
Den Iran gehäit den USA vir, vun den israeeleschen Ugrëffer gewosst ze hunn. Dat huet den amerikanesche President Donald Trump duerno och an engem Interview confirméiert. Dem iraneschen Ausseministere no hätten d'Attacke net ouni Geneemegung a Koordinéierung vun de Vereenegte Staate kënnen ausgeféiert ginn. Si maachen d'USA dowéinst direkt fir déi "geféierlech Auswierkungen an d'Suitte vum Wierke vum zionistesche Regimm verantwortlech".

© AFP
Iranesch Medie mellen ausserdeem, dass nieft dem Chef vun de Revolutiounsgarde Salami a 6 Wëssenschaftler vum Atomprogramm och den Arméichef Mohammed Bagheri bei den israeeleschen Attacken ëm d'Liewe komm wier. Si wieren all als Märtyrer gestuerwen, esou déi staatlech Tëlee. Genee Zuelen iwwer Affer a Blesséierter leien nach net vir.
International Reaktiounen
D'Ugrëffer ginn international schaarf verurteelt. Den UN-Generalsekretär António Guterres huet besuergt a kritesch reagéiert. Hie fuerdert béid Säiten dozou op, ënnert allen Ëmstänn eng Eskalatioun vum Konflikt z'evitéieren. Esou eng Entwécklung kéint d'Regioun sech net leeschten. Änlech Téin komme vu Peking a vun Ankara.
Saudi Arabien huet déi israeelesch Attack als Verletzung vun der Souveränitéit a vun der Sécherheet vum Iran kritiséiert. Dat wier e Broch vun internationalem Recht. Den Oman, den aktuelle Vermëttler bei den Atomverhandlungen tëscht den USA an dem Iran, warnt, dass elo all diplomatesch Efforten domadder menacéiert sinn.
De lëtzebuergeschen Ausseminister Xavier Bettel huet op RTL-Nofro hin och reagéiert:
"Dat hei kéint den Ufank vun engem Konflikt tëscht Israel an dem Iran si mat Konsequenzen fir d'Regioun an fir de Rescht vun der Welt an t'ass schwéier déi aschätzen ze kënnen. D'Warnungen un hir eege Leit, déi déi leescht Deeg vun den Amerikaner oder vum Personal an der Regioun gemaach goufen, sinn eng Indikatioun wéi besuergt d'Amerikaner sinn iwwer d'Potential vun engem Krich tëscht Israel an dem Iran. A fir den Generalsekretär Guterres ze zitéieren, et ass wierklech Zréckhalung gefrot, fir keng weider Eskalatioun ze kréien. A sech am Fong un d'Charta vun der UNO an un internationaalt Recht wëllen ze halen."
Iranesch Géigenattack gouf ofgewiert
Dat israeelescht Militär huet e Lockdown ordonéiert fir déi palestinensesch Stied am Westjordanland. An den israeelesche Siidlunge wieren d'Alarmbereetschaft an d'Stäerkt vun den Truppen erhéicht ginn. Donieft gouf d'Mobiliséierung vun Zaldoten am Norde vun Israel gemellt. D'Land huet sech op Géigenugrëffer vum Iran virbereet. Laut Premier Benjamin Netanjahu misst d'Populatioun sech drop astellen, länger Zäit a Schutzraim ze verbréngen. All d'Klinicken am Land sinn opgeruff, hir Aarbecht virleefeg ënnerierdesch ze maachen.
Eng 100 iranesch Dronen, déi a Richtung Israel ënnerwee waren, goufen ofgeschoss - zum Deel vun den Israeeli, zum Deel vun de Jordanier, déi hire Loftraum gespaart hunn. Donieft huet Israel bekannt ginn, dass un der Attack op den Iran 200 Militärfligere bedeelegt gewiescht wieren, déi ronn 100 Ziler ugegraff hätten an, dass hir Fligeren och e Freideg nach ëmmer am Asaz wieren. Qatar Airways huet annoncéiert, dass si aus Sécherheetsgrënn bis op Weideres net an den Iran an an den Irak fléie wäerten.