Néierlag fir den Donald Trump. Hien dierf d'Nationalgard net géint de Wëlle vun der kalifornescher Regierung asetzen.

Den Asaz vun der Nationalgard a Kalifornien géint Demonstranten ass illegal. Zu deem Fazit kënnt en Urteel vun engem Bezierksgeriicht zu San Francisco. De President Trump wier iwwert seng Befugnisser erausgaangen. D'Nationalgard géif dem Bundesstaat ënnerstoen an d'Wäisst Haus misst d'Kontroll iwwert dës och nees zeréck un de Gouverneur ginn, sou de Riichter.

D'Ekipp vum Trump huet schonn annoncéiert, an Appell wëllen ze goen. De kalifornesche Gouverneur Gavin Newsom begréisst d'Decisioun vum Geriicht a seet, dass et genee dat géif erëmspigelen, wat een elo zanter Deeg scho géif soen. Den Trump misst ophale mat senger muttwëlleger an onnéideger Militariséierung.