Géigesäiteg Attacken tëscht Israel an Iran gi weider

© Photo by Saeed Qaq / ANADOLU / Anadolu via AFP
Vun der UNO gëtt aktuell gefuerdert, datt béid Länner sollen op Deseskalatioun setzen.
Déi géigesäiteg Attacken tëscht Israel an dem Iran gi weider. An der Nuecht op e Samschdeg huet den Iran Informatioune vun der israeelescher Arméi no Dosende Rakéiten op Israel geschoss. De Gros wier ofgefaange ginn, mä et sinn ënnert anerem och Wunnhaiser getraff ginn. Domadder hätt Teheran "eng rout Linn iwwerschratt", sot den israeeleschen Defenseminister a misst duerfir "en héije Präis bezuelen"
Ënnert anerem zu Jerusalem an Tel-Aviv waren haart Explosiounen a Loftalarm ze héieren. D'Zeitung "Times of Israel" schwätzt vun dräi Doudegen bei den Attacken an Dosende Blesséierte mat deels schwéiere Blessuren. Déi israeelesch Arméi huet d'Leit e Samschdeg de Moien opgeruff, a Schutzraim ze goen a bis op Weideres do ze bleiwen. Déi israeelesch Arméi fiert mat hiren Attacken op den Iran och weider.
Och an de iranescher Haaptstad Teheran wier d'Loftofwier nees aktiv, heescht et vun der Plaz. Iwwert dem Fluchhafe gëtt Feier an Damp gemellt. Weider ass et dann d'Info, datt den Iran israeelesch Spionagedronen ofgeschoss hätt, déi an hirem Loftraum ënnerwee waren.
Opruff zu Deseskalatioun
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet béid Säiten mat Nodrock zu enger Deseskalatioun opgeruff. Fridden an Diplomatie misste sech duerchsetzen. Dono gesäit et no der groussugeluechter Attack vun Israel an der Nuecht op e Freideg op den Iran aktuell awer net aus.
Och de Premier Luc Frieden huet e Freideg um Briefing nom Regierungsrot all déi Bedeelegt zu "Fridden an zu Versteesdemech tëscht de Länner an den Natiounen" opgeruff. Esouwuel den Iran wéi och Israel misste sech un internationaalt Recht halen an zu enger Deseskalatioun bäidroen. Anerwäerts géif eng ganz Regioun riskéieren a Flamen opzegoen. Mat Repercussioune fir déi ganz Welt. Op EU-Niveau wier een amgaang, eng gemeinsam Positioun ze huelen, sou de Premier.
Anlag, an där Uran ugeräichert gouf, beschiedegt
Déi international Atomenergieagence geet dovunner aus, datt bei den israeeleschen Attacken en Deel vun enger Anlag zerstéiert goufen, an där Uran ugeräichert gëtt. Dat sot den IAEA-Chef Rafael Grossi e Freideg virun der UNO. Iwwer Schied gëtt et bis elo keng konkret Informatiounen.