De franséische President Macron huet matgedeelt, datt een dës Konferenz bei der UNO géif verréckelen.

D'Konferenz, déi vu Frankräich a Saudi-Arabien sollt organiséiert ginn, a wou et ëm de Konflikt tëscht Israel a Palästina sollt goen, gouf elo offiziell verréckelt. Grond dofir wier déi israeelesch Attack op den Iran, esou den Emmanuel Macron.

Sourcen hu Reuters matgedeelt, datt een d'Konferenz verluecht hätt, well et duerch d'Attacke  fir d'Vertrieder aus der betraffener Regioun komplizéiert géif ginn fir un der Konferenz deelzehuelen. Betraff wieren hei ënner anerem déi palästinensesch Autoritéiten ma och de saudi-arabesche Krounprënz Mohammed bin Salman, där hiren Trajet duerch d'Attacke logistesch vill méi schwéier gouf.

De franséische President huet awer weider matgedeelt, datt d'Konferenz esou séier wéi méiglech soltl nogeholl ginn. Virgesi war se jo fir den 18. Juni.