Police am US-Bundesstaat Minnesota sicht weider no Attentäter

© STEPHEN MATUREN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Gouverneur Tim Walz huet d'Dot un der demokratescher Politikerin Melissa Hortman e Samschdeg de Moien als politesch motivéiert bezeechent.
Am US-Bundesstaat Minnesota ass e Samschdeg de Moie Lokalzäit eng Politikerin ëmbruecht ginn. D'Demokratin Melissa Hortman an hire Mann Mark wiere vun engem Mann, dee sech als Polizist ausginn huet, erschoss ginn, sou d'Autoritéiten.
An der Nuecht op e Samschdeg gouf iwwerdeems nach op e weideren demokratesche Politiker am Bundesstaat Minnesota geschoss. De Senateur John Hoffmann a seng Fra goufe wéi et schéngt vum selwechten Täter attackéiert. Si hunn iwwerlieft a goufen operéiert. Wéi et vun der Chaîne Fox9 heescht, wier de Gouverneur vum Bundesstaat Tim Walz "virsiichteg optimistesch", datt béid Persounen iwwerliewe wäerten.
De Gouverneur Walz geet aktuell dovunner aus, datt béid Virfäll politesch motivéiert waren. Bei enger Pressekonferenz hunn d'Autoritéiten nach matgedeelt, datt nach nom Täter gesicht géing ginn.
Doudeslëscht mat 70 Nimm fonnt ginn
Wéi et vun den Enquêteuren heescht, hätte Poliziste géint 2 Auer moies op eng Schéisserei am Haus vum Senateur Hoffmann reagéiert. D'Beamten hätten hien a seng Fra blesséiert fonnt. Bei enger Kontroll vum Haus vun der Politikerin Hortmann, dat an der Noperschaft läit, wieren d'Polizisten op de presuméierten Täter getraff, wéi dësen aus dem Haus komm wier. Hien hätt op d'Beamte geschoss a wier zu Fouss geflücht. "Dat war een, dee sech däitlech als Polizist ausginn huet", sou de Chef vun der Police Bruley.
An der Afaart hätt och e Policewon gestanen - warscheinlech d'Gefier vum Täter. Am Auto wier e Manifest fonnt ginn, an deem Nimm vu Persoune genannt gi wieren, dorënner och Hoffmann an Hortman.
Der Chaîne CNN no sollen op der "Doudeslëscht" knapp 70 Nimm gestanen hunn. Dorënner Politiker aus anere Bundesstaaten, Dokteren, déi Ofdreiwunge maachen wéi och Persounen, déi sech fir d'Recht op Ofdreiwung asetzen.
Warnung fir Demonstratioune géint Trump
Am Laf vum Samschdeg hunn d'Autoritéite matgedeelt, datt et méiglech wier, datt den Täter déi fir e Samschdeg geplangten Demonstratioune géint den US-President attackéiere wéilt. Vum Gouverneur Walz war et d'Warnung, fir net un den Demonstratiounen deelzehuelen, soulaang de presuméierten Täter net festgeholl gi wier.