Bei Schëss an der Géigend vun engem Flüchtlingslager am Norden vu Frankräich sinn e Samschdeg zwou Persoun ëm d'Liewe komm.

De Virfall huet sech no beim Lager Loon-Plage, baussent Dunkirk, ofgespillt. Wéi de Parquet matgedeelt huet, goufe siwe Persoune beim Virfall blesséiert – zwee schwéier an dräi liicht, dorënner och e Kand. Uganks goung nach vun engem Doudegen a fënnef Blesséierte Rieds.

D’Police huet een Erwuessenen an e 16 Joer ale Jong festgeholl. Iwwer d'Nationalitéit konnten déi franséisch Autoritéiten näischt soen, entretemps melle Medien awer, datt et sech ëm en Iraker an en Afghan handele soll.

Un der nordfranséischer Küst komme vill Migranten un, déi probéieren, iwwer den Äermelkanal a Groussbritannien ze kommen. Engem Mataarbechter vun enger Hëllefsorganisatioun no wunnen aktuell iwwer 1.500 Leit am Lager Loon-Plage an an der Ëmgéigend.

Vill Migranten hoffen, vun do aus dee geféierleche Wee iwwer d'Mier ze packen.

D’Autoritéiten hunn e Samschdeg matgedeelt, datt an de leschte 24 Stonnen bal 100 Migranten aus dem Äermelkanal gerett goufen. Tëscht en Donneschdeg den Owend an e Freideg den Owend goufen 99 Persoune bei verschiddene Rettungsaktioune gebuergen, sou déi franséisch Autoritéiten. De britteschen Autoritéiten no sinn 919 Migranten eleng e Freideg op 14 Booter iwwer den Äermelkanal a Groussbritannien komm.

D'Leit wieren deels a Schlauchbooter ënnerwee gewiescht, déi Loft verluer hätten. Anerer wieren ouni Motor op d’oppent Mier gefuer.

Zanter Ufank vum Joer sinn op d’mannst 15 Persounen am Äermelkanal erdronk, esou eng Zuel vun der Noriichtenagence AFP op Basis vun offizielle Statistiken. Am Joer 2024 waren 78 Mënschen an där Mieresstrooss tëscht Frankräich a Groussbritannien ëm d'Liewe komm – dat héchsten Zuel zanter 2018.