D'Attacke wäerten op béide Säiten och weidergoen, well Israel huet d'iranesch Populatioun, déi a Géigende vu méiglechen Ziler lieft, scho gewarnt.

Israel an den Iran hu sech elo déi drëtt Nuecht hannertenee géigesäiteg ugegraff. Den Iran huet Israel e Sonndeg de Moien nach emol mat Rakéite beschoss, iwwerdeems d'israeelesch Arméi Ziler an der iranescher Haaptstad bombardéiert huet. Dobäi waren eegenen Aussoen no de Verdeedegungsministère an Ariichtungen, déi a Verbindung mam iraneschen Atomwaffeprojet stinn, viséiert. Zwee Waffendepote wieren donieft getraff ginn.

Am Laf vum Sonndeg huet Israel 13 Doudesaffer duerch iranesch Rakéite gemellt. Iwwer 360 Leit wiere blesséiert ginn. Den Iran selwer hat schonn um éischten Dag vu ronn 60 Doudegen duerch israeelesche Beschoss geschwat. Déi Zuel ass bis e Sonndeg op 128 geklommen, blesséiert wieren eng 900 Leit ginn.

Nieft dem Iran schéissen och d'Huthi-Rebellen nees Rakéiten op israeeleschen Terrain.

Den Iran huet eegenen Informatiounen no een neie Rakéitentyp agesat.

Israel hätt den eendeitege Support vun den USA, heescht et vum israeelesche Premier Netanjahu. China huet iwwerdeems déi israeelesch Attacke schaarf verurteelt. De franséische President Macron fuerdert e Retour un de Verhandlungsdësch. Teheran huet matgedeelt, et géing ee sech ënner Beschoss net un een Dësch setzen an et géing een och keng irrational Fuerderungen akzeptéieren. D'USA haten um Treffe festgehalen an et géif ee "weider op Verhandlungen hoffen".

Den Iran huet e Samschdeg den Owend seng Loftofwier an 9 Provënzen aktivéiert, dorënner Teheran. Den israeelesche President Netanjahu hat do virdrun annoncéiert, "all Zil vum Regime" am Iran unzegräifen. An tatsächlech waren och e Sonndeg de Moie fréi Explosiounen am Teheran ze héieren. Géint 2.30 Auer wier et zu enger ganzer Rei Detonatioune komm. D'israeelesch Arméi hat den iranesche Verdeedegungsministère a weider Ziler, déi a Verbindung mam Atomwaffeprojet stinn, an d'Viséier geholl, dorënner den Haaptquartéier vun der iranescher Militär-Fuerschungsorganisatioun SPND.

Wéi d'iranesch Noriichtenagence Tasnim gemellt hat, wier beim israeeleschen Ugrëff d'Gebai vun hirem Verdeedegungsministère "liicht beschiedegt" ginn. Den zoustännegen iranesche Ministère huet matgedeelt, dass zwee Uelegdepote getraff goufen. Et handelt sech ëm eng Anlag zu Schahran, nordwestlech vun Teheran, an eng weider südlech vun der Haaptstad.

Am Laf vum Samschdeg hat Israel d'Loftofwiersystemer an der Regioun Teheran souwéi Dosende  Rakéitenofschossrampe bombardéiert. "D'iranesch Haaptstad wier net méi geschützt", huet et spéider vum israeeleschen Arméisspriecher Effie Defrin geheescht. De Verdeedegungsminister Katz huet op der Plattform X geschriwwen, "Teheran wäert brennen", falls den Iran nach emol Rakéiten an hir Richtung schéisst. Den Iran ignoréiert dëst a féiert weider Ugrëff géint Israel aus.

Schonn Samschdeg den Owend sinn an e puer Regioune vun Israel d'Alarmsireenen ugaangen. E Sonndeg de Moien huet d'iranesch Staatstëlee du vun enger weiderer Ugrëffswell géint Israel geschwat. Wéi AFP-Journaliste mellen, waren a Jerusalem an Tel Aviv Detonatiounen ze héieren. Do gouf och de Loftalarm ausgeléist an d'Leit waren opgefuerdert ginn, esou séier wéi méiglech Schutzraim opzesichen.

Den iranesche President Mahmud Pesechkian hat gewarnt, dass eng "kraaftvoll a massiv Äntwert" wäert kommen, sollt Israel mat den Ugrëff am Iran weidermaachen.

De Konflikt tëscht den zwee Äerzfeinde war e Freideg de Moien eskaléiert a verschäerft sech vun Dag zu Dag weider. Israel hat den Iran dee Moie massiv ugegraff an dobäi militäresch Ziler viséiert. Ënner anerem sinn dobäi d'Cheffe vun der iranescher Arméi an der Revolutiounsgard souwéi quasi déi ganz Spëtzt vun der iranescher Loftwaff ëmkomm. Am Ganze wieren der israeelescher Arméi no iwwer "20 Kommandeure vum iranesche Regime eliminéiert ginn". Donieft wieren d'Atomanlagen zu Natans, Fordo an Isfahan beschiedegt. Den Iran huet den Doud vun 9 Atomwëssenschaftler dono och confirméiert.

Wéi den iraneschen Ambassadeur bei der UNO Amir Irawan ausgesot huet, wiere bei der éischter israeelescher Ugrëffswell op den Iran e Freideg 78 Mënschen ëm d'Liewe komm, iwwer 320 goufe blesséiert.

Israel begrënnt säi "präventiven Ugrëff" domat, dass ee géint de wäit developpéierten iraneschen Atomprogramm wéilt virgoen. Geheimdéngschtinformatiounen hätte bewisen, dass Teheran antëscht  "Uran op militäreschem Niveau uräichert a bannent kuerzer Zäit eng Atomwaff" baue kéint.

Westlech Staate reprochéieren dem Iran zanter Joren, Atomwaffe wëllen ze bauen. Dëst gëtt allerdéngs bestridden.

Engem Rapport vun der Internationaler Atomenergieagence (IAEA) no huet den Iran säi Bestand vu 60% ugeräichertem Uran an de leschte Méint staark erhéicht. Fir de Bau vun Atomwaffe gëtt 90% gebraucht.

Washington an Teheran verhandelen zanter Abrëll iwwer en neien Accord, deen en internationaalt Atomofkommes mam Iran sollt ersetzen, dat 2018 vum Trump ausgeschafft gi war. Bis ewell 5 Treffen an deem Sënn, hate kee Succès. E Sonndeg sinn nei Verhandlunge geplangt.

Weider Informatioune fannt der de ganzen Dag iwwer an eisem Liveticker.