Israel géing géint d'Charte vun de Vereenten Natioune a géint Vëlkerrecht verstoussen.

D'Lëtzebuerger Friddensplattform kritiséiert Israel a fäert e katastrophale Flächebrand.

Virop gëtt an engem Communiqué präziséiert, datt een d'Machenschafte vum iranesche Regime verurteelt an datt een net antisemittesch ass.

Et misst awer mat alle politeschen an diplomatesche Mëttele verhënnert ginn, datt déi héich geféierlech israeelesch Attacken op iranesch Atomanlagen zu enger Eskalatioun féieren, déi wäit iwwer d'Regioun erausgeet.

Israel géing géint d'Charte vun de Vereenten Natioune a géint Vëlkerrecht verstoussen. Israel hätt keen UNO-Mandat fir dësen Ugrëff, heescht et weider vun der Plattform.

U Lëtzebuerg gëtt den Appell gemaach, eng weider Militariséierung ze refuséieren a sech fir d'Vëlkerrecht an d'Diplomatie staark ze maachen.