E Samschdeg gouf et an de ganzen USA Protester géint den aktuelle President.

Et ass de gréisste Widderstand, zënter datt den US-President Donald Trump am Amt ass. E Samschdeg um Dag vun der grousser Militärparad zu Washington si queesch duerch d’USA Millioune Leit op d'Strooss gaangen.

De Motto vun de Protester war "no kings". Mat deem soll kloer gestallt ginn, datt keen iwwert dem Gesetz steet.

D’Demonstrante reprochéieren dem republikanesche President en autoritäre Stil. Hie géing Gesetzer iwwerschreiden a wéi e Kinnek regéieren.

Och d'Migratiounspolitik vum Trump stoung an der Kritik. D’Protester ware gréisstendeels friddlech.