Arméierte Konflikt tëscht Israel an Iran entwéckelt sech zu regionalem Krich
Wärend den Iran op Deseskalatioun probéiert ze setzen, wëll den US-President en Accord tëscht béide Länner fannen.
Den arméierte Konflikt tëschent Israel an Iran entwéckelt sech bannent de leschten dräi Deeg zu engem regionale Krich. Engersäits attackéiert Israel weiderhi militäresch a nuklear Infrastrukturen am Iran an Teheran äntwert mat Rakéitenattacken op zivil israeelesch Ziler.
Den Iran hëlt weiderhin Israel als Äntwert op d’Aggressioun Enn leschter Woch mat Missilen ënner Beschoss. An der Nuecht op e Sonndeg sinn op d’mannst 10 Zivilisten ëm d’Liewe komm. Bat Yam an der Périphérie vun Tel Aviv um Mëttelmier gouf getraff.
De Premier Netanyahu mécht sech e Bild vum Ausmooss vum Schued op der Plaz. "Stellt iech vir, Iran hätt Nuklearwaffen. Stellt iech vir, si hätten der 20.000, net just eng. 20.000 wieren eng existenziell Menace fir Israel."
Den Iran dogéint seet sech bereet, ze deseskaléieren, wéi den iraneschen Ausseminister Abbas Aragchi seet. "Mir wëllen dee Konflikt net vergréisseren, ausser mir géifen dozou forcéiert. Mir wëllen net, dass dee Konflikt op aner Länner an der Regioun iwwergräift. Mir wollten dee Krich net. Mir waren op en diplomateschen Effort konzentréiert, fir eisen Nuklearprogramm. Mir wäerten ons verdeedegen an déi Verdeedegung ass legitim. Wann d’Attacken ophalen, hale mir och op."
Fir den Ament ginn d’Attacke weider. Israel viséiert dobäi am Iran déi nuklear Infrastrukture vum Land, awer och eng Raffinerie. An zu Teheran steet e Gaslager a Flamen.
"Le programme nucléaire iranien est une menace existentielle pour la sécurité d'Israël, mais au -delà pour la sécurité européenne. Nous avons toujours dit que la meilleure façon de le prévenir, de le contenir, ce programme nucléaire, c était la voie diplomatique. Nous avons pris acte de la décision du gouvernement israélien de mener ses opérations militaires que nous n'avons pas soutenu, auquel nous n'avons pas participé," erkläert de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot.
Bannent de leschte 24 Stonne sinn op d’mannst 128 Persounen am Iran duerch déi israeelesch Attacken ëm d’Liewe komm. Méi wéi 900 goufen der verwonnt. Den US-President Trump wëllt en Accord fannen tëscht Israel an Iran. D’USA stoungen och bei Friddensgespréicher tëscht Russland an der Ukrain an Israel an der Hamas an der éischter Rei, déi bis ewell net zu Fridden oder och nëmmen enger Wafferou gefouert hunn.