E Méindeg den Owend ass den Optakt vum G7-Sommet vun de gréissten demokrateschen Ekonomien a Kanada.

Vertruede si beim G7-Sommet Däitschland, Frankräich, Italien, Japan, Kanada, Groussbritannien an d'USA. Am Virfeld gouf et scho vill Aussoen am Kontext vun der rezenter Eskalatioun tëscht Israel an dem Iran. Den US-President Donald Trump hofft, datt béid Säite geschwënn iwwert eng Wafferou wäerte verhandelen. Den Iran refuséiert dat awer, esou laang bombardéiert gëtt.

Den Trump soll israeelesch Pläng gestoppt hunn, fir den ieweschten iranesche Leader Ali Chamenei ëmzebréngen. Dat mellen Noriichtenagencen, déi sech op Regierungsvertrieder beruffen. Den israeelesch Premier Benjamin Netanjahu huet dës Nouvellen awer dementéiert.

Den israeelesche Premier soll an engem Telefonsgespréich mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen allerdéngs weider humanitär Hëllef fir d'Gazasträif zougesot hunn. Dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin am Virfeld vun der G7-Reunioun viru Reporter a Kanada erkläert.
 
D'Ursula von der Leyen huet och ënnerstrach, datt den Iran keng Atomwaffen dierft hunn. Den iraneschen Atomprogramm wier een Haaptgrond dofir, datt d'Regioun destabiliséiert wier. Israel hätt e Recht, sech ze verdeedegen. Verhandlunge wieren awer laangfristeg déi beschte Léisung.

Aner Sujeten um G7 sinn den Ukrain-Krich an d'Handelskonflikter mat den USA.