D'Staats- a Regierungscheffe vun de G7-Memberen hunn eng gemeinsam Erklärung verëffentlecht a fuerderen eng friddlech Léisung fir den Noen Osten.

D'G7 betounen, dass Israel d'Recht huet, sech ze verdeedegen a seng Zivilpopulatioun ze schützen. Et gëtt an dëser Deklaratioun rappelléiert, dass si ëmmer däitlech gemaach hätten, dass den Iran ni eng Atombomm dierft hunn. Trotzdeem muss fir de Konflikt tëscht dem Iran an Israel eng Léisung fonnt ginn, déi zur Deseskalatioun féiert am Noen Osten, inclus e Waffestëllstand an der Gazasträif. Den Iran wier an der Haaptsaach Schold um Terrorismus an der Instabilitéit an der Regioun. Kritik un der israeelescher Aart a Weis, virzegoen, fënnt sech net an der Deklaratioun vun de Leadere vun de grousse Wirtschaftsnatiounen.

Déi gemeinsam Erklärung gouf och vum US-President Donald Trump ënnerschriwwen. Hien ass entretemps awer schonn net méi um G7 derbäi. Den Trump wollt dat net als Affront verstane wëssen. Hie huet ugedeit, dass den Iran zu Verhandlunge bereet wier, behaapt de franséische President Emmanuel Macron, an dass säin amerikaneschen Homolog gäre bliwwe wier. Aus der Air Force One eraus huet den Trump dunn awer iwwer seng Social Media Plattform wësse gedoen, et géif ëm vill méi "grouss Saache" goe wéi eng Wafferou, an déi géife säin direkte Retour op Washington verlaangen.

Also wäerten och d'Diskussiounen iwwer de Krich an der Ukrain ouni den Trump gefouert ginn. En Dënschdeg gëtt den ukrainesche President Selenskyj erwaart, deen och eng Entrevue mam amerikanesche President wollt hunn. Donieft hunn d'EU-Ausseministeren eng aussergewéinlech Video-Konferenz aberuff, fir eng gemeinsam Strategie auszeschaffen.

De Konflikt geet weider
Zanter 5 Deeg bombardéieren sech Israel an den Iran. Och an der Nuecht op en Dënschdeg goufen et Attacken. Déi lescht offiziell Bilane schwätze vun op d'mannst 224 Doudegen am Iran an iwwer 1.000 Blesséierten. An Israel wiere bis ewell 24 Persounen ëm d'Liewe komm. Déi israeelesch Arméi mellt, en Drëttel vun den iraneschen Installatioune fir Buedem-Rakéite wieren zerstéiert. E Méindeg de Mëtte gouf d'Gebai vun der staatlecher Radios- an Tëleeschaîne zu Teheran getraff. D'Live-Sendungen hu missen ënnerbrach ginn. 
 
Israel huet d'Zivilpopulatioun nieft potentiellen Ziler opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen. Ëmmer méi Leit flüchten aus Teheran. Vun den iraneschen Attacke war e Méindeg an der Haaptsaach den Norde vun Israel concernéiert.
 
Wëll Israel den Ajatollah Chamenei ëmbréngen? Déi Fro steet nach ëmmer am Raum. An engem Tëleesinterview sot den israeelesche Premier Netanjahu, den DouD vum Ajatollah géif dem Konflikt en Enn setzen. Säi Land géif maachen, wat et ze maachen hätt.