De Charel Goerens kritiséiert der EVP hiert Behuele bei Ofstëmmunge schaarf

© RTL-Archiv
D'EU-Parlament konnt sech en Dënschdeg net op eng gemeinsam Positioun iwwer de Finanzement vun der Entwécklung eenegen.
Vum 30. Juni bis den 3. Juli gëtt zu Sevilla déi véiert international Konferenz fir d'Entwécklungsfinanzéierung organiséiert. Am Fong hätt do och de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Charel Goerens sollen dobäi sinn. Ma well d'EU-Parlament säi Rapport verworf huet a sech net op eng gemeinsam Positioun eenege konnt, boykottéiert den DP-Politiker d'Konferenz elo. Besonnesch enttäuscht ass hien iwwert d'Behuele vun der konservativer EVP-Fraktioun.
Am Fong gëtt d'EU-Kommissioun ronderëm d'Presidentin Ursula von der Leyen am EU-Parlament vun enger Koalitioun tëscht der EVP, de Sozialisten an de Liberalen gedroen. Ma d'EVP hätt schonn e puer Mol mat de rietspopulistesche respektiv rietsextreme Fraktiounen ofgestëmmt. Do dierft een net einfach weider nokucken, fënnt de Charel Goerens.
"Et mécht mech krank, wann ech gesinn, wéi dacks ech scho proposéiert hunn, och a menger eegener Fraktioun, datt meng Fraktiounspresidentin Kontakt mam Manfred Weber ophuele soll, deen einfach gewäerde léisst. Entweder léisst e gewäerden, dat ass net ze vertrieden oder en hëlleft nach dobäi, dat ass och net ze vertrieden. An deenen zwee Fäll muss d'EVP hir Positioun änneren oder se muss soen, déi von-der-Leyen-Koalitioun, op jiddefalls wat d'Entwécklungshëllef ubelaangt, déi hu mer lo mol d'Baach ofgekéiert."
Den DP-Politiker ënnersträicht awer och, datt déi zwou CSV-Europadeputéiert Martine Kemp an Isabel Wiseler grad wéi déi iresch Vertrieder an der EVP fir säi Rapport gestëmmt hunn.
Wat d'Finanzéierung vun der Entwécklungshëllef ugeet, wier et net ze vertrieden, datt d'EU-Parlament keng Positioun bezitt.
"Et feelen, au bas mot, 4.300 Milliarden Investissementer all Joer an der Finanzéierung vun den Nohaltegkeetsziler. Dat ass net näischt."
Dat wier och dorobber zeréckzeféieren, datt d'USA der internationaler Entwécklungshëllef ze Réck dréinen. Iwwert déi ëffentlech Suen eraus missten dem Charel Goerens no awer och privat Investitiounen an d'Entwécklungshëllef méi attraktiv gemaach ginn, zum Beispill duerch Garantien. Lëtzebuerg wier do ee gutt Beispill, well hei elo schonn déi meeschte Finanzementer aus dem Privatsecteur kéimen.
Mat Bléck op d'Konferenz zu Sevilla ass et vum Charel Goerens de Constat, datt d'EU-Parlament sech "total blaméiert" hätt, andeems et decidéiert hätt, keng Haltung ze hunn.