Och wann hie schonn am Virfeld vum US-President beleidegt gouf, huet de FED-Chef de Leetzëns onverännert gelooss.

Den Drock, deen den Donald Trump op d'US-Noutebank mécht, huet där hire Chef Jerome Powell kal gelooss. D'FED huet de Leetzëns, zu deem sech Banke Sue kënne léinen, fir déi véierte Kéier um Stéck net erofgesat an en an der Schéier tëscht 4,25 a 4,5 Prozent gelooss. Dat huet d'Zentralbank e Mëttwoch zu Washington matgedeelt. Schonn am Virfeld hat den US-President de President vun der US-Noutebank "domm" genannt, mam Bléck op d'Decisioun, déi esou z'erwaarde war.

D'FED huet no zwee Deeg Sëtzung erkläert, datt "d'Onsécherheet iwwer déi wirtschaftlech Aussiichten zwar ofgeholl huet, mä weiderhin héich bleiwen". De Powell huet viru Journaliste gesot, d'Noutebank rechent wéinst dem Donald Trump senger Zënspolitik domadder, datt de Wuesstem manner séier wäert sinn an datt d'Präisser fir d'Verbraucher wäerte klammen.

Déi komplett Ausmoosse wiere fir d'US-Bierger bis ewell nach net spierbar gewiescht. "Et dauert e bëssen, bis d'Taxen hire Wee duerch d'Verkafschaîne bis bei den Endkonsument fonnt hunn", esou de Powell.

Dem Donald Trump hat de Chef vun der FED virdrun en "domme Mënsch" genannt, well dësem dem US-President seng Fuerderung, d'Zënsen erofzesetzen, net géif ëmsetzen. "Mir hate keng Inflatioun, mir hate just Erfolleg. An ech géif gär gesinn, datt d'Zënsen erofginn", esou den US-President. Hien hofft doduerch op méi héich Investitiounen a méi e staarke Wirtschaftswuesstem.

Den US-President mécht schonn zanter Méint Drock op de Powell an huet dotëscht och scho Mol haart gesot, datt hie de Powell géif entloossen. Domadder stellt den Donald Trump awer d'Onofhängegkeet vun der Zentralbank a Fro, wat ee Grondprinzip vun der Aarbecht vun der FED ass.