A Mexiko gi sech schlëmm Schied duerch den Hurrikan erwaart. Dausende Schutzraim goufen ageriicht an Honnerten Zaldoten an Elektriker mobiliséiert.

Kuerz virun der Südwestküst vu Mexiko huet sech den Hurrikan "Erick" zu engem staarke Stuerm vun der Kategorie 3 entwéckelt. De Stuerm géing Mexiko an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg erreechen, huet den US-Hurrikanzenter matgedeelt. Soubal en op Land trëfft, kéint den Hurrikan "e potenziell zerstéierende Wand a liewensgeféierlech Iwwerschwemmungen" an de Bundesstaaten Oaxaca a Guerrero verursaachen.

Déi mexikanesch Autoritéiten hate virdrun erkläert, datt een an de Bundesstaaten Oaxaca, Guerrero an Chiapas heftege Reen erwaarde géing. D'Presidentin vu Mexiko, d'Claudia Sheinbaum, huet hir Landsleit opgeruff, méiglechst net virun d'Dier ze goen. Awunner a méi déif geleeëne Gebidder oder bei Flëss solle Schutzraim opsichen.

RTL

Satellittebild vum Stuerm "Erick" iwwer dem Süde vu Mexiko / © AFP

An der Vakanzendestinatioun Acapulco sinn e Mëttwoch Poliziste mat Megaphone laanscht d'Plagë getrëppelt, fir Awunner an Touriste virum Wirbelstuerm ze warnen. Ronn 2.000 Schutzraim goufen ageriicht an Honnerten Zaldoten an Elektriker goufe mobiliséiert, fir bei méiglechen Opraumaarbechten ze hëllefen. D'Schoulen an d'Häfe laanscht d'Küst goufen zougemaach.

A Mexiko ginn et all Joer tëscht Mee an November staark Stierm, souwuel un der Pazifikküst wéi och um Atlantik. Am Oktober 2023 gouf Acapulco vum Hurrikan "Otis" getraff. De Stuerm huet eng Spuer vun der Verwüüstung hannerlooss, op d'mannst 50 Mënsche si gestuerwen. De leschte September koumen duerch den Hurrikan "John" eng 15 Mënschen ëm d'Liewen.