An den USA gouf elo e Medikament géint d'Immunschwächekrankheet Aids zougelooss, dat Etüden no zu 99,9 Prozent virun enger HIV-Infektioun schützt.

E Mëttwoch huet d'US-Medikamentenautoritéit FDA d'Mëttel Lenacapavir vun der Pharmaentreprise Gilead autoriséiert, dat medezineschen Etüden no zu 99,9 Prozent virun enger HIV-Infektioun schützt. Am Géigesaz zu aktuellen HIV-Medikamenter, déi all Dag musse geholl ginn, gi beim neie Mëttel zwou Injektiounen d'Joer duer. "Dëst ass en historeschen Dag am joerzéngtelaange Kampf géint HIV", huet de Gilead-Direkter Daniel O'Day erkläert.

D'Entreprise huet zwou gréisser Etüde mat am Ganzen iwwer 4.000 Participanten duerchgefouert. Dovu sinn nëmmen zwee Participante krank ginn, wat engem Schutz vun 99,9 Prozent entsprécht an d'Medikament mat engem Vaccin vergläichbar mécht. Zu den Niewewierkunge gehéiere Reaktiounen op der Plaz, wou geimpft gouf, Kappwéi an Iwwelzegkeet.

Mat 28.000 Dollar pro Persoun a Joer ass Lenacapavir als Preventiounsmesure bis ewell awer immens deier. Experte schätzen d'Produktiounskäschten allerdéngs op grad emol 40 Dollar.

Am Oktober 2024 huet Gilead annoncéiert, mat sechs Hiersteller Lizenzen ënnerschriwwen ze hunn, déi d'Mëttel elo a Länner mat niddregem Akommes produzéieren a verkafe sollen. Kritiker weisen allerdéngs dorop hin, datt Milliounen HIV-Infizéierter a Länner liewen, an deenen déi méi bëlleg Versioun vu Lenacapavir virop net accessibel wäert sinn.