No Frankräich an Däitschland mécht och d'Belsch elo Arees-Kontrollen
Mat der Belsch verstäerkt och eist drëtt Nopeschland vum Summer un d'Kontrollen am Kader vun der Lutte géint déi illegal Immigratioun.
Dat hunn de belschen Inneminister Bernard Quintin an déi zoustänneg Ministesch fir Asyl a Migratioun Anneleen van Bossuyt en Donneschdeg annoncéiert. Kontrolléiert soll op wichtege Stroossenachsen, Autobunnen, internationale Buslinnen a verschiddenen Zich wéi zu Bréissel op der Gare du Midi an op de Fluchhäfe ginn.
D'Kontrolle sinn och eng direkt Reaktioun op déi méi streng Politik vun den Nopeschlänner. Erkläerten Zil vun de Kontrollen ass, fir géint déi illegal Awanderung an d'Kriminalitéit virzegoen an d'Sécherheet an der Belsch ze verbesseren, sou den Inneminister. Besonnesch viséiert sinn och déi Leit, déi schonn an engem anere Land eng Demande op Asyl gemaach hunn an dës och accordéiert kruten.
Et soll sech deemno net ëm klassesch Grenzkontrollen handelen, dorop géif déi belsch Regierung vill Wäert leeën. Anescht wéi déi temporär Grenzkontrollen, wéi och Däitschland se mécht, konzentréiere sech déi hei op spezifesch Kontrollpunkten am Land.
An deem Sënn hat och de Lëtzebuerger Inneminister Gloden nach emol bei sengem belschen Homolog nogefrot:
"Ech krut ganz kloer confirméiert, dass keng Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg gemaach ginn. D'Kontrolle mat Holland, Däitschland a Frankräich wieren och Kontrollen op de Banne-Stroossen, an net un de Grenzen. Et gëtt awer och net op de Banne-Stroossen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg kontrolléiert."
Wat d'Kontrolle mat Däitschland ugeet, huet de Léon Gloden eis op Nofro hi confirméiert, dass déi nach ëmmer gemaach ginn. Hien hätt awer d'Versprieche vu sengem däitschen Homolog Alexander Dobrindt, dass op d'mannst de Kontrollpunkt op der A13, kuerz hannert Schengen no hanne wäert verréckelt ginn. Hie géif awer nach op de geneeën Datum waarden, wéini dat geschitt.
Déi geplangte Moossname bei eise belschen Nopere stoussen awer och op Widderstand, virun allem vun der grénger Oppositiounspartei Groen. Et wier e "symbolescht Gedeessems" sot den Deputéierte Matti Vandemaele a reprochéiert der Regierung, d'Bevëlkerung mat "onrealistesche Moossnamen ze veronsécheren". Hie warnt och viru chaoteschen Zoustänn am Reesverkéier.
Effektiv sinn d'Grenzkontrollen ëmstridden. Dat däitscht Verwaltungsgeriicht huet viru kuerzem jo festgestallt, dass e Refus vun Demandeurs d'asile un de Grenze rechtlech gesinn net erlaabt ass.
Schreiwes vum Lëtzebuerger Inneministère
Pas de contrôles aux frontières entre le Luxembourg et la Belgique (20.06.2025)
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures
À la suite d’un échange entre Léon Gloden et le ministre de la Sécurité et de l’Intérieur belge, Bernard Quintin, celui-ci lui a confirmé qu’il n’y aurait pas de contrôles aux frontières entre la Belgique et le Luxembourg. Son homologue lui a par ailleurs assuré qu'il n'y aurait pas non plus de contrôles à l'intérieur de la Belgique à proximité du Grand-Duché de Luxembourg.