16 Departementer a Frankräich ënner Vigilance orange wéinst der Hëtzt

© Envato Symbolbild
Et kann een elo definitiv soen, dass de Summer ukomm ass an dat mat voller Wucht. Dat weisen och rezent Wiedermodeller fir déi nächst Deeg.
Mam Héich "Yvonne" erreecht de Summer dann awer direkt eng aner Dimensioun, an zwar massiv Hëtzt. Schonn zanter de leschten Deeg klammen d'Temperaturen, ma de Weekend annoncéiert sech nach eng Grëtz méi waarm ze ginn.
Fir den offizielle Summerufank den 22. Juni kënnt deemno direkt och déi éischt Canicule vum Joer.
Mat Temperature bis maximal 38 Grad e Freideg am Nomëtteg registréiert Frankräich deemno säin éischten offiziellen Hëtztdag fir dëst Joer. 16 Departementer sinn ënner "vigilance orange" gesat ginn wéinst Canicule. Och an Däitschland gëtt et uerdentlech waarm, e Samschdeg mat bis zu 30 Grad a besonnesch awer e Sonndeg. Hei si bis zu 37 Grad gemellt.
Hei am Land gëtt et mat erwaarten 31 Grad Maximaltemperatur um Samschdeg natierlech och fatzeg waarm an dat bei engem kloren Himmel. Nach eng Schëpp Hëtzt dobäi kënnt e Sonneg mat 33 Grad, do sollen eis awer vereenzelt Wolleke mat duerch den Dag begleeden.
An der Woch soll et summerlech bleiwen, dofir bleiwen d'Temperaturen awer ënner 30 Grad.