ANA: Keng Flich aus China mat Destinatioun Lëtzebuerg am Iran

Getrackte Fligeren: Screenshotte wéi dësen hei, mat enger Cargolux-Maschinn iwwerem Iran, suergen nach ëmmer fir Spekulatiounen, trotz der Kloerstellung vun der Airline de leschte Sonndeg, 15. Juni. Et wier een net am iranesche Loftraum gewiescht, do ass d'Cargolux formell. / © Flightradar24
International Medie spekuléiere weider iwwer heemlech Cargolux-Flich aus der Volleksrepublik, déi an den Iran ginn – matten an der Eskalatioun mat Israel.
D'Administration de la navigation aérienne vum Mobilitéitsministère huet e Méindeg op RTL-Nofro matgedeelt, datt si keng Informatiounen doriwwer hätt, datt Fligeren aus China mat Lëtzebuerg als End-Destinatioun am Iran gelant wieren.
Weider Detailer heidrënner, um Enn vun eisem Artikel (vum 20. Juni):
Déi englesch Zeitung The Daily Telegraph (bekannt als The Telegraph) hat d'Flich virun e puer Deeg mat als éischt opgegraff, thematiséiert an hannerfrot. Iwwerschrëft: "China sends mystery transport planes into Iran – Flight plans indicated a final destination of Luxembourg, but the aircraft appeared to have never flown near European skies".
Op Lëtzebuergesch: "China schéckt mysteriéis Transportfligeren an den Iran – D'Fluchpläng ginn als final Destinatioun Lëtzebuerg un, mee d'Maschinne schéngen ni an d'Géigend vun europäesche Loftraim geflunn ze sinn". Illustréiert gëtt den Artikel vum Telegraph vum 17. Juni mat engem Screenshot vu Flightradar24, enger App, déi sämtlech Fluchbeweegungen duerstellt. Dorop ze gesinn: eng kleng Fliger-Ikon mat der Ofkierzung CLX, déi fir d'Cargolux steet.
Screenshotte vun Tracking-Appen haten ewell déi Deeg virdru fir Opreegung an de (sozialen) Medie gesuergt an d'Fro opgeworf, ob Cargolux-Fligeren am Iran gelant sinn. D'Airline hat dat stante pede dementéiert, mat engem Communiqué de leschte Sonndeg, 15. Juni – also Deeg virum Artikel vum Telegraph.
Interessi no Attack
Den 13. Juni hat Israel d'Militäroperatioun mam Codenumm "Rising Lion" lancéiert an den Iran ugegraff. An den dräi Deeg dono wier all Dag ee Vol a China gestart, dann iwwer de Kasachstan a weider iwwer Usbekistan an Turkmenistan geflunn an da beim Iran vum Radar verschwonnen, heescht et am Artikel. Nach méi mysteriéis wier, esou den Telegraph, datt d'Flich als final Destinatioun Lëtzebuerg uginn hätten – Zitat: "To add to the mystery, flight plans indicated a final destination of Luxembourg, but the aircraft appeared to have never flown near European skies."
An dat géif natierlech d'Fro opwerfen, wat et mat deene Cargo-Flich op sech hätt, wat a Krichszäiten an den Iran géif geliwwert ginn. Déi Boeinge 747, déi agesat goufen, wieren op alle Fall à même, militärescht Geschier ze transportéieren. Vun dohier wier et logesch, datt den Interessi un deene Volle grouss wier, d'autant plus datt China an den Iran strategesch Partner wieren an d'Visioun vun enger multipolarer Welt am Géigesaz zu enger US-Hegemonie géifen deelen an den Iran och vill Pëtrol an d'Volleksrepublik géif liwweren.
Dementi vu Cargolux
Eng ganz Partie weider international Medien hunn antëscht de Sujet vun de "Mystery flights" aus China opgegraff, dorënner ënnert anerem Fox News en Donneschdeg, 19. Juni – an all mat deem aus lëtzebuergescher Siicht interessanten Hiweis, datt "flight plans indicated Luxembourg as the final destination".
Datt Lëtzebuerg den Terminus vum Fluch wier, ass awer alles anescht wéi en Zoufall, mee zimmlech logesch: Et soll sech nämlech em Cargolux-Maschinnen handelen. Där si jo weltwäit am Asaz an där fléien och reegelméisseg a China.
Den Telegraph schreift, ouni onofhängeg Enquête wier et net méiglech, gewuer ze ginn, wat déi genee Charge vun de Cargofligere war. E puer vun de Fligere sollen dono och nees an der Géigend vun der turkmeenesch-iranescher Grenz gestart a weider Richtung Lëtzebuerg geflu sinn.
Konfrontéiert mat der Fro, ob hir Fligeren an den Iran geflu wieren, hat d'Cargolux séier dementéiert, datt si den iranesche Loftraum genotzt hätt. Wat se transportéiert hätt, huet se awer net matgedeelt.
Fox News zitéiert den Auteur Tuvia Gering, deen op X geschriwwen huet, dat Ganzt wier keng Story, well et wier ganz normal, datt déi lëtzebuergesch Airline op der turkmeenesch-iranescher Grenz géif landen, se géif do nämlech de Stopover um Wee a China oder hannescht an de Grand-Duché maachen an eng Partie Tracking-Websitte géifen d'Tracking-Signal kuerz virum Lande verléieren. An dësem Fall wieren d'Fligeren am turkmeeneschen Ashgabat gelant an net an den Iran geflunn, och wann déi projezéiert Route dat géif suggeréieren.
An engem viregte Post hat den Tuvia Gering Referenz op en Artikel vun RTL TODAY mam Cargolux-Dementi geholl.
Schonn de leschte Sonndeg hat d'Cargolux jo kloergestallt, datt een net am iranesche Loftraum ënnerwee gewiescht wier, aner Behaaptungen, déi op onprezis Tracking-Infoen zeréckzeféiere wieren, wiere komplett onbegrënnt.
ANA: Keen Ëmwee via Iran
RTL huet e Freideg de Mëtteg, 20. Juni och bei der Administration de la navigation aérienne vum Mobilitéitsministère nogefrot, ob si mat deem Fall befaasst wier a wéi d'Prozedur ass, wann en internationale Vol Lëtzebuerg offiziell als End-Destinatioun ugeet.
E Méindeg de Moie koum d'Äntwert vun der Administratioun: De Loftraum iwwert dem Iran géif net an der Kompetenz vun der ANA leien, mee "laut den Informatiounen, déi mir am Kader vun eise Kompetenzen hunn, ass kee Fliger a China gestart, dee Lëtzebuerg als final Destinatioun hat an eng Diversioun an den Iran gemaach hätt".
Wat de Fall vun der Cargolux ugeet, verweist d'ANA op de Communiqué op der offizieller Websäit vun der Airline.