3 deels schwéier Blesséierter no Accident an der Äifel

© Agentur SIKO via Input-Presse
Wéi déi däitsch Police mellt, koum et e Samschdeg zu engem uergen Accident mat 3 deels schwéier Blesséierten op der L46 tëscht Herforst an Zemmer.
Géint 14.25 Auer soll et deemno am Beräich vun der Kräizung a Richtung Speicher zu der Kollisioun tëscht den zwee Autoe komm sinn, vun deenen een zu Lëtzebuerg zougelooss ass. 3 Persoune goufen dobäi deels uerg blesséiert.
Fir d'Ursaach vum Accident ze klären, huet den Tréierer Parquet eng Expertis ordonéiert.
D'L46 war am Beräich vun der Kräizung a Richtung Speicher an der Kräizung a Richtung Zemmer Rothaus komplett gespaart.
Nieft de Rettungsdéngschter vu Bitburg an Zemmer war och de Rettungshelikopter aus Lëtzebuerg um Asaz.