Bëschbränn a Kroatien geläscht

© ELVIS BARUKCIC / AFP
Un der kroatescher Adriaküst südlech vu Split waren e Samschdeg e puer Bëschbränn ausgebrach.
Honnerten Awunner an Touriste goufen e Samschdeg op der kroatescher Adria-Küst wéinst uerge Bëschbränn evakuéiert. D'Feier war ronn 50 Kilometer südlech vu Split ausgebrach. D'Police huet vill Leit mam Schëff a Sécherheet bruecht. Sëllegen Haiser an Autoe sinn duerch d'Flamen zerstéiert ginn.
E Samschdeg den Owend hat een d'Feier zum gréissten Deel ënner Kontroll bruecht. E Sonndeg koum dunn d'Entwarnung. D'Bëschbränn konnten geläscht ginn.
Vill Läschfligere waren un de Läschaarbechte bedeelegt, mee konnte wéinst dem staarke Wand deels net fléien an hunn d'Läschaarbechte missen ënnerbriechen.
D'Police geet vu Brandstëftung aus, well d’Feier op dräi verschiddene Plazen ausgebrach war.