D'USA hunn eng wichteg Roll bei der Fräiloossung vum Tichanowski an de weidere politesche Prisonéier gespillt.

No méi wéi fënnef Joer Prisong ass de belarussesche Regimekritiker Sergej Tichanowski zesumme mat 13 anere politesche Gefaangene fräigelooss ginn. Hien ass den Mann vun der Oppositiounspolitikerin Swetlana Tichanowskaja, déi nom Ufank vu sengem Prisongopenthalt selwer géint de President Alexander Lukaschenko kandidéiert hat.

Den Tichanowski war 2020 verhaft ginn, wéi hie seng Presidentschaftskandidatur géint de Lukaschenko ugekënnegt hat. 2021 war hien zu 18 Joer Prisong verurteelt ginn, ënner anerem wéinst dem Organiséiere vu Masseprotester. Seng Fräiloossung gouf als Deel vun enger Presidentsbegnodegung annoncéiert, déi op Ufro vum US-President Donald Trump geschitt wier, esou d’Regierung zu Minsk.

No senger Fräiloossung wier den Tichanowski zesumme mat deenen aneren a Litauen a Sécherheet, dat hat de litaueschen Ausseministère matgedeelt.

D'Fra vum Tichanowski huet e Video vun deem Ament, wou si sech fir d'éischte Kéier a Fräiheet nees erëmgesinn hunn,  gedeelt an huet den USA an der EU fir hir Ënnerstëtzung Merci gesot. Si fuerdert weiderhin d’Fräiloossung vun alle ronn 1150 politesche Gefaangenen a Belarus.

Ënnert deenen anere Fräigeloossene waren och e Journalist, eng Universitéitsprofessorin an d'schwedesch-belarussesch Aktivistin Galina Krasnianskaja. D’Fräiloossung gouf international als staarkt Zeeche vun Hoffnung begréisst, ë. a. vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.