E bluddegen Tëschefall gouf et an der Nuecht op e Sonndeg op enger Hochzäit am Süde vu Frankräich.

E Grupp maskéiert an arméiert Männer huet e Sonndeg an de fréie Moiesstonnen zu Goult (Vaucluse) op enger Hochzäitsfeier ëm sech geschoss. Bei der Attack sinn zwou Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner d'Braut. Donieft goufen dräi Persounen uerg blesséiert.

Géint 4.30 Auer war et zur Dot komm. Wéi et éischten Ermëttlungen no heescht, hätt d'Koppel d'Feier grad verlooss, wéi arméiert Männer si attackéiert hunn. Ee vun de presuméierten Täter ass vum Auto vun der Koppel iwwerrannt ginn, wéi dës probéiert huet ze flüchten - och hien ass méi spéit u senge Blessure gestuerwen.

D'Gendarmerie vu Marseille huet d'Enquête iwwerholl. Iwwer d'Hannergrënn vun der Attack ass nach näischt Geneeës gewosst. Eng vun de Pisten ass, datt et sécher méiglecherweis ëm eng Ofrechnung gehandelt huet.