Nato-Staaten eenege sech op 5-Prozent-Zil

© AFP
Knapp zwee Deeg virum Nato-Sommet zu Den Haag hu sech déi 32 Staaten op en Zil fir d'Mindesthéicht vun den nationale Verdeedegungsdepensë gëeenegt.
Wéi et aus Diplomatekreesser zu Bréissel heescht, wéilte sech d'Alliéiert beim Sommet bereet erklären, hir järlech Depensë fir d'Verdeedegungs op op d'mannst 5 Prozent vum PIB z'erhéijen. Deemno hätt Spuenien säi Widderstand géint d'Nato-Pläng opginn. Dës gesi vir, 3,5 Prozent vum PIB fir reng Verdeedegung an 1,5 Prozent fir verdeedegungsrelevant Infrastruktur auszeginn. Dem spuenesche Ministerpresident Pedro Sánchez no gouf et eng Ausnam fir säi Land.
D'Nato-Ambassadeuren hate bei Gespréicher e Freideg virop keen Accord erreecht. Iwwer de Weekend gouf awer weider verhandelt, fir bis de Sommet en Dënschdeg zu Den Haag eng Eenegung z'erreechen. De spuenesche Ministerpresident Sánchez huet e Sonndeg den Owend erkläert, datt dem Accord no Spuenien déi fënnef Prozent net muss erfëllen.
De Sánchez hat an engem Bréif un den Nato-Generalsekretär Mark Rutte en Donneschdeg d'Zil vu fënnef Prozent vum PIB fir Verdeedegungsdepensen als "onverstänneg" a "kontraproduktiv" bezeechent. Den Asproch aus Madrid hat bei aneren Nato-Partner fir Irritatioune gesuergt.
Déi 5 Prozent géingen dem entspriechen, wat den US-President Trump vun de Partner gefuerdert hat. Déi meescht Nato-Länner hätten der Propos vum Mark Rutte antëscht zougestëmmt - verschiddener awer nëmme widderwëlleg.
Déi europäesch Nato-Länner fäerten, datt den Trump der Unioun de Réck kéint dréinen, wann hien net géing kréien, wat hie wëll. An der Vergaangenheet hat den US-President schonn domat gedreet, nëmmen deene Länner bäizestoen, déi him no genuch fir hir eege Verdeedegung ausginn. D'USA missten a sengen Aen d'Zil vu 5 Prozent net erfëllen, sot hie leschte Freideg. D'USA hätten an der Vergaangenheet d'Nato scho laang genuch ënnerstëtzt.