Trump schléisst Regierungswiessel am Iran net aus

© AFP
Zil vun den US-Attacke wier den Atomprogramm am Iran gewiescht, net de Stuerz vum Regimm, sou den Ausseminister Rubio an de Verdeedegungsminister Hegseth.
Vum US-President kommen antëscht awer aner Téin. Den Donald Trump huet Ënnerstëtzung fir e Wiessel vun der iranescher Féierung signaliséiert. "Et ass net politesch korrekt, de Begrëff 'Regime Change' ze benotzen", sou de Republikaner op senger Plattform Truth Social. "Mä wann déi aktuell Féierung net an der Lag ass, den Iran nees groussaarteg ze maachen, wisou sollt et dann net e 'Regime Change' ginn??? MIGA!!!" Mam Kierzel aus véier Buschtawe spillt den Trump op säi Slogan "Make America Great Again" (MAGA) un – hei bezunn op den Iran.
D'USA hunn e Sonndeg dann och eng weltwäit Warnung un all déi amerikanesch Bierger erausginn. Et géif souwuel an de Vereenegte Staate selwer wéi och am Ausland méi en héije Risiko gi fir Attacke vun extremisteschen Eenzeltäter an och d'Gefor vu pro-iranesche Cyberattacke wier geklommen.
Den Iran huet dann och nach emol mat enger Revanche gedreet. No de feindlechen Attacke vun den USA hätt sech d'Zuel u legitimmen Ziler fir dat iranescht Militär vergréissert, sou e Spriecher vun der iranescher Arméi an engem Video, op dee sech d'Noriichtenagence Reuters bezitt. D'USA misste mat schwéiere Konsequenze fir hiert Handele rechnen. Un den US-President Trump war et och de Message, datt hien de Krich ugefaangen hätt, ma den Iran en op en Enn brénge wäert.
Ausmooss vu Schued un Atomanlage weider onkloer
No der Attack vun den USA op dräi Atomanlagen am Iran ass dat komplett Ausmooss vum Schued weiderhin net gewosst. Wéi et vum US-Chef d'État-major Dan Caine heescht, géifen d'USA nach préiwen, wéi grouss de Schued an den Anlagen ass. Éischt Aschätzungen deiten drop hin, datt d'Atomanlag zu Fordo extreem schwéier beschiedegt ginn ass, sou de Caine viru Journalisten. Hie wollt sech awer net dozou äusseren, ob nuklear Elementer intakt bliwwe sinn oder net.
Och kommerziell Satellittebiller weisen, dass d'Anlag Fordo beschiedegt ginn ass. D'Noriichtenagence Reuters huet mat véier Experte geschwat, déi dovun ausginn, dass d'Zentrifugen, déi den Uran uräicheren, méiglecherweis ganz zerstéiert goufen. De Chef vun der internationaler Atomenergie-Agence Raffael Grossi sot awer, dass zu dësem Zäitpunkt keen, och net d'IAEA, an der Lag wier, den ënnerierdesche Schued u Fordo ze bewäerten. "Opgrond vun der agesater Sprengkraaft an den extreem vibratiounsempfindlechen Eegenschafte vun den Zentrifugen ass dovunner auszegoen, datt ganz schwéier Schied entstane sinn", sou nach de Grossi an enger Stellungnam.
Huet den Iran sech op d'US-Attack preparéiert?
Donieft gesäit et aktuell sou aus, wéi wa sech Teheran op déi amerikanesch Attack virbereet hätt. Eng Analys vu rezente Satellittebiller weise Camionen, déi schonn e Freideg Buedem an den Tunnel bei der Anlag zu Isfahan gekippt hunn.
Guterres warnt virun Zyklus vun Zerstéierung
A puncto Diplomatie huet den UNO-Generalsekretär António Guterres e Sonndeg bei der Drénglechkeetssëtzung vum Sécherheetsrot virun engem Zyklus vun Zerstéierung gewarnt. Russland, China a Pakistan hunn iwwerdeems eng direkt Wafferou am Iran gefuerdert.
Den iraneschen Ausseminister Araghtschi ass e Méindeg op Visitt zu Moskau, fir mam President Putin iwwer d'Situatioun ze diskutéieren. Moskau géing plangen, fir gemeinsam mat Peking eng Resolutioun am Sécherheetsrot ze lancéieren, déi en direkt Enn vun de Kämpf fuerdert.
D'EU-Ausseminister kommen e Méindeg de Moien dann zu Bréissel beieneen a wäerten do och iwwer d'Lag am Noen Oste beroden. Donieft sollt iwwer den Ukrainkrich an de mëttlerweil 18. Sanktiounspak géint Russland diskutéiert ginn.
Géigesäiteg Attacken tëscht Israel an dem Iran gi weider
Wärenddeem bekriche sech Israel an den Iran weider. Vu Jerusalem heescht et, et wiere 24 Mënschen duerch déi iranesch Attacken e Sonndeg gestuerwen. Iwwer 1.200 Leit wieren zanter der leschter Woch blesséiert ginn. Teheran schwätzt vu 400 Doudegen an iwwer 3.000 Blesséierten. Weeder déi eng, nach déi aner Chiffere kënnen onofhängeg iwwerpréift ginn.
Den Iran huet an der Nuecht op e Méindeg weider Attacken op Israel lancéiert. Wéi et vum israeelesche Militär heescht, wier eng ballistesch Rakéit aus dem Iran geschoss ginn. Dës wier vum Iron Dome ofgefaange ginn. Iwwer Blesséierter ass net rieds gaangen. Ronderëm Tel Aviv wier awer de Rakéitenalarm ugaangen an d'Leit hu missen an d'Bunkere goen.