Griichesch Vakanzeninsel Chios wéinst massive Bëschbränn deels evakuéiert

© AFP
Op der griichescher Insel Chios si virun zwee Deeg direkt dräi gréisser Bëschbränn ausgebrach. D'Feier ass ausser Kontroll.
E Méindeg huet sech duerch déi aktuell Hëtzt an déi vill Loft aus den eenzele Bränn een eenzege grousse Bëschbrand forméiert. Antëscht ass op der Insel den Noutstand ausgeruff ginn. Dës Moossnam garantéiert eng besser Koordinatioun an international Hëllef ka méi séier ugefrot ginn.
Eng 200 Pompjeeë mat 38 Läschween kämpfe géint d'Flamen. Si ginn aus der Loft ënnerstëtzt an d'Regierung huet e Méindeg de Moien nach annoncéiert, 170 zousätzlech Pompjeeën op d'Plaz ze schécken, dëst och per Boot. Bis ewell goufe 17 Uertschaften an ee Flüchtlingslager evakuéiert an honnerte Mënschen a Sécherheet bruecht. Ob Touristen drënner sinn, ass net gewosst.
Grouss Suerg wéinst rare Planzen
Nach méi wéi ëm hir Haiser suerge sech d'Awunner vun Chios awer ëm hir heemesch Planzen. Déi sougenannte Mastix-Plantage mat Straicher vun der Pistache-Planz (pistacia lentiscus) drop wuesse weltwäit just op dëser griichescher Insel an och just am Süden.
Aus dëse Planze gëtt e speziellen Haarz gewonne fir Knätsch, Séisses, Kosmetik a medezinesch Produiten. Bei de Bränn 2010 war scho bal d'Hallschent vun de Mastix-Plantagen zerstéiert ginn. Fir d'Awunner vun der Insel ass dat eng Katastroph, déi vun där Produktioun ofhängeg sinn.
Brandstëftung net ausgeschloss
Zoufälleg wieren dës Bränn sécher net entstanen, heescht et. D'Tatsaach, dass dräi Bränn per Zoufall gläichzäiteg ausbriechen, géif kloer op Brandstëftung hindeiten. Éischt Ermëttlungen géifen och scho lafen.
Elo gëtt gehofft, dass, sollten d'Meteoprevisioune stëmmen, d'Loft e Méindeg den Owend soll manner gëtt.