D’Situatioun am Iran an déi direkt Bedeelegung an de Konflikt vun den USA wäert en Dënschdeg Thema um NATO-Sommet zu Den Haag sinn.

Dat sot de Generalsekretär vun der Defense-Allianz e Méindeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz am Virfeld vum Sommet. Haaptzil vun de Reunioune wär et zwar, d’Decisioun ze festegen, dass d’Memberlänner hir Ausgabe fir d'Defense op 5 Prozent vum PIB héijen, esou de Mark Rutte. Allerdéngs dierft een net vergiessen, dass den Iran wäit an de Krich an der Ukrain verwéckelt wär. Ënnert anerem liwwert den Iran jo Dronen u Russland.

Den NATO-Generalsekretär ass ausserdeem der Meenung, datt d'USA mat hiren Attacken op den Iran net géint internationaalt Recht verstousse géingen. Seng "gréisst Angscht" hisiichtlech dem Konflikt am Noen Oste wier, "datt den Iran eng Atomwaff huet an asetze kéint", huet den NATO-Generalsekretär betount.

Déi enorm Investissementer an d’Defense wären néideg, fir eng Milliard Leit déi nächst 3, 5 respektiv 7 Joer géint all Menacen ze protegéieren, esou de Mark Rutte. A fir ofzeschrecken. Bei der NATO geet een nämlech dovun aus, dass Russland an e puer Joer erfollegräich NATO-Territoire attackéiere kéint. Ma op China, den Iran a Belarus misst een och oppassen.

De Sommet zu Den Haag geet en Dënschdeg offiziell un. Et ass deen éischten NATO-Sommet, dee vun Holland organiséiert gëtt. En Dënschdeg si Reunioune mam ukrainesche President Selenskyj. E Mëttwoch ass déi grouss Ronn, bei där och den US-President Donald Trump mat dobäi ass. Hie soll lokale Medien no awer schonn en Dënschdeg an der hollännescher Haaptstad ukommen. Fir Lëtzebuerg reesen en Dënschdeg de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d’Defenseministesch Yuriko Backes an Holland. De Sécherheetsdispositif ass enorm. 27.000 Unitéite vun de Forces de l’ordre sinn am Asaz fir déi ronn 9.000 Invitéeën a Journalisten ze protegéieren.