Nohaltegkeet wier e wichtege Pilier fir eng kompetitiv Ekonomie

© Pexels
19 Perséinlechkeeten adresséiere sech an engem oppene Bréif un déi national Regierungen an d'EU-Institutiounen am Kader vun der EU-Liwwerkettendirektiv.
Dorënner de fréiere Chef vun der EU-Aussepolitik Josep Borrell an déi fréier iresch Presidentin a Mënscherechtlerin Mary Robinson. Vu Lëtzebuerger Säit sinn et de Kardinol Jean-Claude Hollerich, de fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn an de fréieren LSAP-EU-Kommissär Nicolas Schmit.
An hirem gemeinsamen Appell, deen e Méindeg publizéiert gouf, reagéieren d'Auteuren op den europäesche Reguléierungspak, deen ënnert dem Numm Omnibus I bekannt ass. An deem Pak ass virgesinn, verschidde Reglementer am Beräich vun der Nohaltegkeet unzepassen, fir d'Kompetitivitéit ze verbesseren, esou d'Begrënnung. Am Schreiwes gëtt virun engem Ofbau vun de bestoende Reegele gewarnt. D'Nohaltegkeet wier kengesfalls eng Contrainte, mee ee wichtege Pilier fir eng wierklech kompetitiv Wirtschaft.